Nichelle Nichols

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nichelle Nichols
Nichelle Nichols by Gage Skidmore.jpg
Gebuertsnumm Grace Dell Nichols
Gebuer 28. Dezember 1932
Gestuerwen 30. Juli 2022
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Sänger, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Dänzer
Member vun Alpha Kappa Alpha
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Grace Dell „Nichelle“ Nichols, gebuer den 28. Dezember 1932 zu Robbins, am Illinois, a gestuerwen den 30. Juli 2022 zu Silver City, am New Mexico, war eng US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.

Sie gouf absënns duerch hir Roll als Leitnant Uhura an der Tëleesserie Star Treck (1966 bis 1969) an an den Nofolger-Kinofilmer bekannt. An där Roll war si déi éischt Schwaarz Schauspillerin op der amerikanescher Televisioun, déi eng méi 'normal' Roll gespillt huet wéi just en Déngschtmeedchen oder eng Kächen. Ausserdeem huet si an der Episod Plato’s Stepchildren als éischt Schwaarz Fra engem Wäisse Mann, de Captain Kirk (gespillt vum William Shatner) e Kuss ginn.[1]

Dono huet si e puer Placken als Sängerin opgeholl, an e puer Filmer matgespillt, a vun 1974 bis 1985 periodesch fir d'US-Weltraumagence NASA geschafft, fir déi se representativ Rollen ugeholl huet, a Promotioun fir Nowuessastronaute gemaach huet.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas A. Herrig: … wo noch nie eine Frau zuvor gewesen ist. 45 Jahre Star Trek und der Feminismus, 2011 (ISBN 978-3-8288-2567-3)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nichelle Nichols – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nichelle Nichols Biography, Movie Highlights and Photos." op allmovie.com, gekuckt 2022-07-31.