Russesch-Ukrainesche Krich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Giel: Ukrain
Rout: Vu Russland besat
Blo: Vun der Ukrain zeréckeruewert
(Stand: Oktober 2023)

De Russesch-Ukrainesche Krich (bis Februar 2022 haaptsächlech als Ukrain-Konflikt, Ukrain-Kris, Ukrain-Krich oder russesch-ukrainesche Konflikt bekannt) huet Enn Februar 2014 a Form vun engem regionalen Konflikt op der ukrainescher Hallefinsel Krim ugefaangen. No der vëlkerrechtswiddreger Annexion vun der Krim koum et zu weideren Eskalationen duerch Russland, besonnesch duerch den Opbau vu prorussesche Milizen am ostukraineschen Donbass, déi do zesumme mat reguläre russesche Zaldoten géint déi ukrainesch Arméi a Fräiwëllegemilize gekämpft hunn. Mat internationaler Hëllef koum am September 2014 a Februar 2015 d'Minsker Ofkommes zoustan. Déi zwee Minsker Accorde hunn een dauerhafte Waffestëllstand an der Ostukrain virgesinn. Dee gouf duerch de Russesche Ugrëffskrich op d'Ukrain am Februar 2022 gebrach.

Vum Summer 2021 un huet Russland vill Truppeverbänn laanscht der ukrainescher Grenz opgebaut. Bis zulescht huet Russland bestridden, Ugrëffspläng zu hunn. De 24. Februar 2022 koum e grouss ugeluechten Ugrëff duerch d'russesch Arméi aus ville Richtungen op de Staatsterritoire vun der Ukrain, mam Zil, déi ukrainesch Regierung ze stierzen an duerch e prorussescht Regimm z'ersetzen. Enn Mäerz 2022 hu sech d'russesch Truppe aus dem Norde zeréckgezunn, a sech haaptsächlech op den Oste konzentréiert. Am Summer 2022 koumen d'russesch Truppe net weider. Déi ukrainesch Arméi par conter huet eng Géigenoffensiv ugefaangen, bei där vill Territoire zeréckgewonne gouf. Doropshinn huet de russesche President Wladimir Putin eng Mobilmaachung am Land ordonéiert. Ee Mount drop huet Russland no Walen (och an de Besate Gebidder) véier vëlkerrechtswidreg Gebidder annektéiert.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.