Op den Inhalt sprangen

Michail Sergejewitsch Gorbatschow

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Michail Gorbatschow)
Michail Sergejewitsch Gorbatschow
Funktioun
10. President vun der Sowjetunioun
15. Mäerz 1990 - 25. Dezember 1991
Virgänger Andrei Gromyko
Nofollger /
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Biographie
Gebuer 2. Mäerz 1931
Priwolnoje
Gestuerwen 30. August 2022
Moskau
Educatioun Lomonossow-Universitéit

De Michail Sergejewitsch Gorbatschow, gebuer den 2. Mäerz 1931 zu Privolnoje am Kaukasus, a gestuerwen den 30. August 2022 zu Moskau, war e sowjetesche resp. russesche Politiker.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Michail Gorbatschow gouf 1960 e permanente Member vun der kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun. Wéi hien dunn 1970 zum éischte Sekretär vun der Regioun vu Stavropol ernannt gouf, koum en an den Zentralcomité, spéider dann, 1979, koum en och an de politesche Büro. Den 11. Mäerz gouf en zum Generalsekretär vun der Sowjetunioun gewielt. Soubal wéi hie säin Amt ugetrueden hat, huet hien eng reformistesch Politik agefouert, déi Perestroika genannt gouf.

1990 gouf hien zum President vun der Sowjetunioun gewielt. No engem géint hie geriichte Putschversuch am August 1991, deen zwar mëssgléckt war, koum de Michail Gorbatschow duerch d'Ëmstänn trotzdeem net laanscht seng Demissioun, de 25. Dezember 1991, wat zum Zerfall vun der Sowjetunioun gefouert huet.

Commons: Michail Sergejewitsch Gorbatschow – Biller, Videoen oder Audiodateien