Xi Jinping

Vu Wikipedia
Xi Jinping
Gebuertsnumm 习近平
Gebuer 15. Juni 1953
Peking
Nationalitéit China
Educatioun Universitéit Tsinghua,
Beijing Bayi School,
Beijing 101 Middle School
Aktivitéit Staatsmann, Politiker
Partei Chineesesch kommunistesch Partei
Famill
Bestuet mat Peng Liyuan
Papp Xi Zhongxun
Mamm Qi Xin
Geschwëster Xi Heping, Xi Qianping, Xi Zhengning, Qi Qiaoqiao, Qi An'an, Xi Yuanping
Kanner Xi Mingze

De Xi Jinping (习近平, ausgeschwat [ ɕǐ tɕînpʰǐŋ ]), gebuer de 15. Juni 1953 zu Beijing, ass zanter dem 15. November 2012 Generalsekretär vun der Kommunistescher Partei vu China (KPC), an zanter dem 14. Mäerz 2013 President vun der Volleksrepublik China an och President vum Zentralcomité vun der Militärkommissioun. Als Generalsekrtär vun der KPC ass hien automatesch och Member vum Permanente Comité vum Politbüro vun der Chineesescher Kommunistescher Partei, där Instanz a China, déi de facto déi iewescht Entscheedungen trëfft.

Virdru war hie vun 1999 bis 2002 Gouverneur vu Fujian a vun 2002 bis 2007 Parteichef vun der KPC an der Provënz Zhejiang. Am Oktober 2007 gouf hien an de Krees vun der zentraler Féierung opgeholl, wou e bis zu senger Ernennung als Nofollger vum Hu Jintao preparéiert gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Xi Jinping – Biller, Videoen oder Audiodateien