André Link

Vu Wikipedia
André Link
Den André Link (2013) op enger Foto vum Marc Wilwert©
Gebuer 4. Dezember 1949
Ettelbréck
Gestuerwen 19. Juli 2022
Völklingen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist
Member vun Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

Den André Link, gebuer de 4. Dezember 1949 zu Ettelbréck a gestuerwen den 19. Juli 2022 zu Völklingen[1], war e lëtzebuergeschen Iwwersetzer a Journalist. Hie war och ee profiléierte lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Hie war vun 1962 - 1968 Schüler am Kolléisch zu Dikrech an huet duerno zu Würzburg Dolmetscher studéiert. 1973 huet hien als Iwwersetzer beim lëtzebuergesche Büro vun der Confédération syndicale internationale (CSI) geschafft.

Vun 1980 bis zu senger Pensioun 2011 war hie bei Saint-Paul Luxembourg a verschiddene Funktioune beschäftegt.

Den André Link huet ënner anerem am Lëtzebuerger Wort, och ënner dem Pseudonym alk, an der Warte an an Nos cahiers publizéiert

Hie war Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal a war am Comité vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Sommer des weißen Jadekaninchens; 1976
  • Ich kam zu früh nach Miyajima, Kuerzgeschichten, 2000
  • Kleines Luxemburger Kuriositätenbuch; mat Zeechnunge vum Carlo Schneider; 2001
  • Feuerspiegel; Roman, Op der Lay, Esch-Sauer, 2003. ISBN 978-2-87967-102-4
  • De Keller; Drama; Esch-Uelzecht, 2003
  • Vom Dekadentempel zur Kulturschmiede. Zweihundert Jahre Theatergeschehen in Luxemburg; Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2004
  • Engelmann. Monolog für einen Schauspieler; Theaterstéck, 2005
  • Auf Winters Schneide; Roman; Lëtzebuerg, 'Éditions Saint-Paul', 2010; 196 Säiten. ISBN 978-2-87963-783-9
  • Die große Hatz. Treibjagd nach Kriegsende; Roman; Lëtzebuerg, 'Éditions Saint-Paul', 2012; 192 Säiten. ISBN 978-2-87963-844-7
  • Les renards de Vianden; Roman ëm de Victor Hugo an de Michel Rodange; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 2013; 164 S. (ill.). ISBN 978-2-87963-922-2
  • König und Komponist. Gustav III. von Schweden und Joseph Martin Kraus. Roman aus dem 18. Jahrhundert, 2014
  • Intis Untergang. Roman, 2016
  • Kaisermord am Rhein. Die Erinnerungen des Severus Alexander. Roman, 2016
  • Lucera. Ein Stauferroman. 2016
  • Blutrot ist die Tudor-Rose. Historischer Roman, 2017
  • Der Himbeerzwilling. Roman, 2017
  • Infantin Elster. Urraca von Zamora. Roman, 2017
  • Feuchte Morde. Ein Kriminalroman aus dem Saargau, 2019

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romanautor André Link gestorben. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-08-13). Gekuckt de(n) 2022-08-14.