Rishi Sunak

Vu Wikipedia
Rishi Sunak
Gebuer 12. Mee 1980
Southampton
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Stanford University,
Winchester College
Aktivitéit Politiker
Partei Konservativ Partei

De Rishi Sunak [ˈrɪʃiː ˈsuːnæk], gebuer den 12. Mee 1980 zu Southampton, ass e brittesche Politiker (Conservative Party) an zanter dem 25. Oktober 2022 Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich.

Dem Rishi Sunak seng Famill kënnt aus Indien. Hien huet um Lincoln College zu Oxford studéiert an dono ë. a. als Analyst fir Goldman Sachs an als Hedgefonds-Manager geschafft. 2006 huet hien op der Stanford Graduate School of Business en MBA gemaach.

Zanter 2015 ass hien Deputéierte vum Walkrees Richmond (North Yorkshire), am britteschen House of Commons.

Hie war 2019 Minister ënnert der Theresa May, du vu Februar 2020, ënnert dem Boris Johnson wou e Finanzminister war. Am Juli 2022 ass hien zeréckgetrueden, fir géint dem Johnson säi Behuelen ze protestéieren. No deem sengem Récktrëtt, huet hie fir seng Nofolleg kandidéiert, ma am Ballotage géint d'Ausseministesch Liz Truss verluer. Wéi annerhalwe Mount drop och d'Truss huet missen als Premierministesch zerécktrieden, huet seng Partei hien de 24. Oktober 2022 als Nofollger zum Parteipresident ernannt, soudatt en een Dag drop vum Kinnek Charles III. zum Premierminister ernannt gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rishi Sunak – Biller, Videoen oder Audiodateien