Gordon Brown

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem brittesche Politiker Gordon Brown. Fir de lëtzebuergesche Foussballspiller, kuckt wgl. Gordon Braun.
Gordon Brown
Gebuertsnumm James Gordon Brown
Gebuer 20. Februar 1951
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Politiker, Journalist, Biograph, Autobiograph, Akademiker, Historiker
Partei Labour Partei

Den James Gordon Brown, gebuer den 20. Februar 1951 zu Glasgow, ass e brittesche Politiker hie war vum 27. Juni 2007 bis de 14. Mee 2010 Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich. No der Walnéierlag géint den David Cameron ass hien och als President vun der Labour Partei zeréckgetrueden.

Zanter 1983 war hie Member vum House of Commons, als Deputéierte vum Walbezierk Dunfermline East, an zanter der Reorganisatioun vun de schottesche Walbezierker Deputéierte vum Walbezierk Kirkcaldy and Cowdenbeath an der Grofschaft Fife.

Hie war vum Mee 1997 bis de Juni 2007 Finanzminister an der Regierung Tony Blair, an domat zanter dem Nicholas Vansittart dee Mann deen am zweetlängsten an där Funktioun war. Doriwwer eraus war de Brown Éischte Lord vun der Tresorerie a Member vum Privy Council.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gordon Brown – Biller, Videoen oder Audiodateien