Liz Truss

Vu Wikipedia
Liz Truss
Gebuer 26. Juli 1975
Oxford
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Merton College
Aktivitéit Politiker
Partei Konservativ Partei

D'Mary Elizabeth "Liz" Truss, gebuer de 26. Juli 1975 zu Oxford, ass eng brittesch Politikerin (Conservative Party). Si war vum 6. September 2022 bis de 25. Oktober 2022 Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich.

D'Liz Truss war vun 2019 bis Septemeber 2022 Ministesch fir Fraen a Gläichstellung a vum September 2021 bis dohin zousätzlech Ausseministesch. Virdru war si vun 2016 bis 2017 Justizministesch a Lord Chancellor, dono bis 2019 Chief Secretary to the Treasury (Staatssekretärin am Budgetsministère) an dono bis 2021 Ministesch fir internationalen Handel. Si ass zanter 2010 Deputéiert fir South West Norfolk am House of Commons.

De 6. September 2022 gouf si, als Nofollgerin vum Boris Johnson, Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich, nodeems si den Dag virdrun zur Presidentin vun hirer Partei gewielt gouf. Ma schonn den 20. Oktober 2022 huet si hire Récktrëtt bekannt gemaach, nodeems et souwuel parteiintern wéi an der Ëffentlechkeet staark Kriticken un hirem Regierungsprogramm gouf. Dësen hat den Usproch, d'Ekonomie unzekuerbelen, mat Steiersenkunge fir déi Räich, ma ouni Kloerheet, wou déi Suen hierkomme sollten, wat en héijen Drock op de Finanzmäert op d'Brittescht Pond wéi och den Zënssaz vun de Staatsobligatiounen als Folleg hat. De Réckzuch vun de geplangte Moossnamen huet fir säin Deel parteiintern zu Konflikter gefouert, sou wéi zum Récktrëtt vun e puer Ministeren (dorënner de Finanzminister Kwasi Karteng), sou datt d'Truss den 20. Oktober d'Noutbrems gezunn huet. Si blouf nach bis zur Vereedegung vun hirem Nofollger Rishi Sunak, de 25. Oktober, faisant-fonction an hirem Amt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Value of Mathematics. Juni 2008.
  • A New Level. Juni 2009.
  • Academic rigour and social mobility: how low income students are being kept out of top jobs. März 2011.
  • A decade of gains – learning lessons from Germany. Februar 2012.
  • Affordable quality: new approaches to childcare. Mai 2012.
  • After the Coalition. 2011.
  • Britannia Unchained. 2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elizabeth Truss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]