Theresa May

Vu Wikipedia
Theresa May
Gebuertsnumm Theresa Mary Brasier
Gebuer 1. Oktober 1956
Eastbourne
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Wheatley Park School,
St Hugh's College
Aktivitéit Politiker
Partei Konservativ Partei
Famill
Bestuet mat Philip May
Papp Hubert Brasier
Mamm Zaidee Mary Brasier

D'Theresa Mary May, gebuer den 1. Oktober 1956 als Theresa Mary Brasier zu Eastbourne, an England, ass eng brittesch Politikerin vun der Conservative Party.

Si war vu Mee 2010 bis Juli 2016 Inneministesch (Home Secretary) an den zwou Regierunge vum David Cameron.

Den 11. Juli 2016 gouf si als dem Cameron seng Nofollgerin Presidentin vun der Konservativer Partei. Zwéin Deeg drop, den 13. Juli 2016, gouf si zur neier Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich ernannt.

De 7. Juni 2019 huet si hire Récktrëtt ugekënnegt, well se keng Méiglechkeet gesouch, fir dat vun hirer Regierung mat der EU ausgehandelt Ofkommes iwwer den Austrëtt aus der Europäescher Unioun am House of Commons eng Majoritéit ze fannen. De 24. Juli 2019 huet de Boris Johnson hiert Amt iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Theresa May – Biller, Videoen oder Audiodateien