Margaret Thatcher

Vu Wikipedia
Margaret Thatcher
Gebuertsnumm Margaret Hilda Roberts
Gebuer 13. Oktober 1925
Grantham
Gestuerwen 8. Abrëll 2013
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Somerville College
Aktivitéit Politiker, Chimist, Autobiograph, Staatsmann
Partei Konservativ Partei
Member vun Royal Society, Privy Council vum Vereenegte Kinnekräich

D'Margaret Hilda Thatcher, Baroness Thatcher of Kesteven, gebuer den 13. Oktober 1925 zu Grantham, Lincolnshire als Margaret Hilda Roberts a gestuerwen den 8. Abrëll 2013 zu London, war eng brittesch Politikerin.[1] Si war vun 1975 bis 1990 Leader vun der Conservative Party a vu Mee 1979 bis November 1990 Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich. Si war déi éischt Fra an deem Amt a gouf zweemol erëmgewielt.

1970 bis 1974 war si ënner dem Premier Edward Heath Ministesch fir Kultur a Wëssenschaften.

Als Premierministesch hat si de Spëtznumm Iron Lady ("Eisen Dame") a war bekannt fir, op innepoliteschem Plang, hire Kampf géint d'Gewerkschaften, d'Kierze vu Sozialleeschtungen an d'Privatiséierunge vun enger sëllege Staatsbetriber ("Thatcherismus"). Aussepolitesch bleiwe virun allem hir Roll am Falklandkrich an, op europäeschem Plang, hiren Asaz fir méiglechst vill vun der brittescher Kontributioun zum EG-Budget erëmzekréien an Erënnerung.

An de leschte Jore vun hirem Liewen ass si net méi ëffentlech opgetrueden, si huet ënner Demenz gelidden. Si ass den 8 Abrëll 2013 un de Suitte vun engem Schlag gestuerwen.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • John Campbell: Margaret Thatcher: Grocer's Daughter to Iron Lady, Vintage Books 2009. ISBN 0-09-954003-7
  • Ian Gilmour: Dancing with Dogma: Thatcherite Britain in the Eighties. Simon & Schuster, 1992, ISBN 0-671-71176-8
  • Margaret Thatcher: Downing Street No. 10. 1. Auflage. Econ, Düsseldorf u.a. 1993, ISBN 3-430-19066-5.
  • Margaret Thatcher; Robin Harris (Herausgeber): The Collected Speeches of Margaret Thatcher. HarperCollins 1997. ISBN 0-00-255703-7
  • Hugo Young: One of Us: A Biography of Margaret Thatcher, Macmillan, London 1989. ISBN

0-333-34439-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Margaret Thatcher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Margaret Thatcher, Prime minister of United Kingdom
  2. BBC news.