Robert Golob

Vu Wikipedia
Robert Golob
Gebuer 23. Januar 1967
Šempeter pri Gorici
Nationalitéit Slowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
Educatioun Universitéit vu Ljubljana,
Nova Gorica Grammar School
Aktivitéit Politiker, Elektroingenieur
Partei Gibanje Svoboda

De Robert Golob, gebuer den 23. Januar 1967 zu Šempeter pri Gorici, ass e sloweenesche Politiker. Hien ass zanter Januar 2022 President vun der gréng-liberaler Partei Gibanje Svoboda. Als Folleg vun de Parlamentswalen am Abrëll 2022 gouf hien de 25. Mee 2022 zum sloweenesche Ministerpresident gewielt[1].

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Golob huet bis 1994 op der Universitéit Ljubljana Elektrotechnik studéiert, an och do promovéiert. Dono war e mat engem Fulbright-Stipendium Gaaschtdozent um Georgia Institute of Technology zu Atlanta. Vu Mee 1999 bis Juni 2000 war hie Staatssekretär am sloweenesche Wirtschaftsministère. 2004 huet hie mat aneren déi sloweenesch Stroumversuergungsentreprise Gen-I gegrënnt, an där e 15 Joer laang President vum Conseil de Surveillance war.

Enn 2021 huet hien d'Entreprise verlooss fir an d'Politik ze goen. Hie gouf am Januar 2022 zum President vun der grénger Partei Z.DEJ gewielt, déi sech dunn a "Fräiheetsbeweegung" (Gibanje Svoboda) ëmgenannt huet. Hie war bei de Parlamentswalen am Abrëll 2022 hire Spëtzekandidat. D'GS krut mat 34,5 Prozent déi meescht Stëmmen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Golob – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Linksliberaler Robert Golob zum Ministerpräsidenten gewählt." zeit.de, 2022-05-25