Eva-Maria Hagen

Vu Wikipedia
Eva-Maria Hagen
Gebuertsnumm Eva-Maria Buchholz
Gebuer 19. Oktober 1934
Gestuerwen 16. August 2022
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Wolf Biermann
Kanner Nina Hagen

D'Eva-Maria Hagen, gebuer den 19. Oktober 1934 zu Költschen, am Kreis Oststernberg als Eva-Maria Buchholz, a gestuerwen de 16. August 2022 zu Hamburg, war eng däitsch Schauspillerin, Sängerin, Molerin an Autorin.

No engem Schauspillstudium huet si ë. a. am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble an am Maxim-Gorki-Theater zu Ost-Berlin geschafft. Vun 1957 bis 1965 huet si an enger 50 Kinos- an Tëleefilmer matgespillt, woubäi se dacks als Brigitte Bardot aus der DDR bekannt gemaach gouf.

Nodeems hire Partner, de Wolf Biermann 1965 verbuede kritt hat, weider opzetrieden, ass och si vun den Autoritéiten an de Viséier geholl ginn, a si krut just nach Rollen a Provënztheateren. Enn 1976 gouf se, wéi se géint dem Biermann seng Ausbiergerung protestéiert hat, entlooss. Si krut dat Joer drop hir DDR-Staatsbiergerschaft entzunn an ass du mat hirer Duechter Nina Hagen an d'Bundesrepublik Däitschland wunne gaangen.

Si huet am Weste weider am Theater an op der Tëlee als Schauspillerin geschafft, an huet e puer Placken opgeholl. 1998 koum en éischten Deel vun hirer Autobiographie Eva und der Wolf eraus, 2000 a 2005 koumen Evas schöne neue Welt an Eva jenseits vom Paradies no.

D'Eva-Maria mat hirer Duechter Nina Hagen, 2013.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • LP Nicht Liebe ohne Liebe (1979) – Russische Romanzen, Balladen, Zigeunerlieder – ins Deutsche gebracht von Wolf Biermann
  • LP Ich leb’ mein Leben (1981) – Lieder von Wolf Biermann – begleitet von der italienischen Gruppe Ensemble Havadia di Milano
  • LP Michail, Michail (1989)
  • CD Das mit den Männern und den Frau’n (1995) – arrangiert und begleitet von Siegfried Gerlich
  • CD Wenn ich erstmal losleg… (1996) – Lieder von Wolf Biermann nach baltischen Motiven
  • CD Joe, mach die Musik von damals nach (1997) – eine Hommage zum 100. Geburtstag von Bertolt Brecht
  • CD Eva-Maria Hagen singt Wolfslieder (1999)
  • CD Eine Reise durchs Abenteuerland (2008) – 13 Hörgeschichten + Song
  • CD Eva und der Wolf (2001) Econ Verlag, Hörbuch
  • CD Eine Reise durchs Abenteuerland (2008) Formart.Media, Hörgeschichten

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas Daum: Eva-Maria Hagen. Eine Würdigung. Geißler-Verlag, Edenkoben 2000, ISBN 3-933086-76-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien