Irene Papas

Vu Wikipedia
Irene Papas
Gebuertsnumm Ειρήνη Λελέκου
Gebuer 3. September 1929
Gestuerwen 14. September 2022
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Schauspiller, Sänger
Famill
Liewenspartner(in) Marlon Brando


D'Irene Papas, gebuer als Iríni Lelékou den 3. September 1926 zu Chiliomodi a Griicheland, a gestuerwen de 14. September 2022, war eng griichesch Schauspillerin.

Si gouf duerch de Krichsfilm The Guns of Navarone (1961) vum J. Lee Thompson international bekannt. 1964 krut si eng Haaptroll am Film Alexis Zorbas vum griichesche Regisseur Michael Cacoyannis an 1969 eng Roll am Politthriller Z (1969) vum Costa-Gavras.

Si huet och a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Riccardo Freda, Martin Ritt, Elio Petri, Alberto Lattuada a Francesco Rosi matgespillt. Tëschen 1980 a 2003 ass si och an dréi Filmer vum bedeitende portugisesche Regisseur Manoel de Oliveira opgetrueden.

Zu hire Partner an hire Filmer zielen Schauspiller wéi Gian Maria Volonté, Yves Montand, Richard Burton, Maximilian Schell, Anthony Quinn, Gina Lollobrigida, Katharine Hepburn, Vanessa Redgrave an Audrey Hepburn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Irene Papas – Biller, Videoen oder Audiodateien