Gian Maria Volontè

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gian Maria Volonté)
Gian Maria Volontè
Gebuer 9. Abrëll 1933
Mailand
Gestuerwen 6. Dezember 1994
Florina
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Accademia nazionale d'arte drammatica
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller
Partei Kommunistesch Partei


Den Gian Maria Volontè och a verschiddne Filmer Gian Maria Volonté oder Gian Maria Volonte, gebuer den 9. Abrëll 1933 zu Mailand an Italien a gestuerwen de 6. Dezember 1994 zu Florina a Griicheland, war en italieenesche Schauspiller.

De Volontè huet seng Schauspillerausbildung op der Accademia d'Arte Drammatica zu Roum gemach. 1959 huet hie seng Theatercarrière ugefaangen. Vun 1960 u war hien och am Kino ze gesinn.

Enner dem Pseudonym Johnny Wels huet hien am Sergio Leone sengem Italo-Western Per un pugno di dollari (1965) mam Clint Eastwood an der Marianne Koch matgespillt. Den Sergio Leone huet hien duerno nach am Western Per qualche dollare in più (1965) mam Clint Eastwood a Lee Van Cleef engagéiert. An Erënnerung bleift hien awer a senger Roll als Bandit am Spaghetti-Western Quien sabe? (1967) vum Damiano Damiani mam Klaus Kinski.

Aner bedeitend Filmer mat him sinn La ragazza con la valigia (1960) vum Valerio Zurlini mam Claudia Cardinale a Jacques Perrin, Le cercle rouge (1970) vum Jean-Pierre Melville mam Alain Delon, Bourvil an Yves Montand, La classe operaia va in paradiso (1971) vum Elio Petri an am Joer 1979 Cristo se e fermato a Eboli vum Francesco Rosi.

Fir seng Roll am politesche Film Il caso Moro krut hien op der Berlinale 1987 de Präis als beschte Schauspiller.

De Volontè ass bei den Dréiaarbechte vum Film To vlemma tou Odyssea vum Theo Angelopoulos un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Hie war de Brudder vum Schauspiller Claudio Volonté.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1993[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]