Op den Inhalt sprangen

Per un pugno di dollari

Vu Wikipedia
Per un pugno di dollari
Film
Produktiounsland Italien,
Spuenien,
Däitschland,
Vereenegt Staate vun Amerika,
Westdäitschland
Première 20. Oktober 1964
Dauer 100 min
Faarf Faarweg
  Technicolor
Format 2,35:1
Originalsprooch Italieenesch,
Englesch
Ekipp
Regie Bob Robertson
Dréibuch Sergio Leone
Fulvio Morsella
Luciano Vincenzoni
Fotografie Jack Dalmas
Federico G. Larraya
Musek Dan Savio
Schnëtt Bob Quintle
Alfonso Santacana
Dekoren Charles Simons
Produzent Harry Colombo
George Papi
Produktiouns-
gesellschaft
Jolly Film
Constantin Film
Ocean Films
Schauspiller
Clint Eastwood als Joe
Marianne Koch als Marisol
John Wells als Ramon Rojo
Wolfgang Lukschy als John Baxter
Sieghardt Rupp als Esteban Rojo
Antonio Prieto als Don Miguel Rojo
José Calvo als Silvanito
Joseph Egger als Piripero
Margarita Lozano als Consuelo Baxter
Daniel Martin als Julio
Benny Reeves als Rubio
Richard Stuyvesant als Chico
Carol Brown als Antonio Baxter
Aldo Sambrell
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Per un pugno di dollari ass en italieenesch-spuenesch-däitsche Western vum Sergio Leone aus dem Joer 1964.

De Film handelt vun zwou Famillen, der Baxter-Famill an der Rojo-Famill, déi am Alkohol- an am Waffenhandel rivaliséieren. En onbekannte sougenannte Gun-man soll dësem Familljesträit fir eng Handvoll Dollaren een Enn maachen.

Iwwer de Film

[änneren | Quelltext änneren]
  • Et ass deen éischte Film aus der Dollartrilogie vum Sergio Leone:
  • De Film ass e Remake vum Film Yojimbo vum Akira Kurosawa deen op bal deerselwechter Basis a Japan gespillt huet. D'Produzenten déi net domat gerechent haten datt de Film sou ee groussen internationale Succès kéint kréien haten ënnerlooss wéinst de Rechter mam Produzent vum japanesche Film ze verhandelen. Wéi de Film an Amerika sollt erauskommen huet ee Prozess dat an d'Längt gezunn. An deem Prozess krut de Kurosawa d'Filmrechter fir Japan, Taiwan a Südkorea.
  • De Film ass eng italieenesch-spuenesch-däitsch Produktioun
  • Akommes an Italien: 3 182 000 000 Lire.
  • De Sergio Leone mécht de Film ënner dem Numm Bob Roberston, als Undenken u säi Papp de Roberto Robertis.