Madeleine Albright

Vu Wikipedia
Madeleine Albright
Gebuertsnumm Marie Jana Körbelová
Gebuer 15. Mee 1937
Prag
Gestuerwen 23. Mäerz 2022
Washington
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Tschechoslowakei, USA
Educatioun Wellesley College,
Columbia University,
Johns Hopkins University,
Paul H. Nitze School of Advanced International Studies,
School of International and Public Affairs
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Schrëftsteller, Politolog, Ambassadeur, Universitéitsprofesser, Publizist, Minister
Partei Democratic Party
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Joseph Medill Patterson Albright
Papp Josef Korbel
Mamm Anna Spiegelová

D'Madeleine Albright, gebuer als Marie Jana Korbelová de 15. Mee 1937 zu Prag[1] a gestuerwen den 23. Mäerz 2022, war eng US-amerikanesch Politikerin (Demokratesch Partei). Si war vun 1993 bis 1997 Botschafterin vun den USA bei de Vereenten Natiounen a vun 1997 bis 2001 déi éischt weiblech Ausseministesch an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie Jana Korbel ass d'Duechter vun engem tschecheschen Diplomat. Nodeem d'Nazien 1939 d'Tschechoslowakei besat haten ass hir Famill an England geflücht. Nom Krich si si nees zeréck an hir Heemecht gaange mä op en Neits geflücht wéi d'Kommunisten un d'Muecht komm sinn. 1948 hu si sech an den USA néiergelooss[1].

D'Korbel huet 1959 en Ofschloss am Massachusetts gemaach an dunn de Joseph Albright bestuet, deem senger Famill e puer Zeitunge gehéiert hunn.[1] No engem Masterofschloss op der Columbia University zu New York huet si ënner anerem am Senateur Edmund Muskie senger Campagne fir d'Presidentschaftskandidatur vun den Demokrate geschafft a spéider als dem Muskie seng legislativ Assistentin. 1976 krut si en Doktertitel op der Columbia University an huet fir dem President Jimmy Carter säi Beroder fir national Sécherheet geschafft[2].

Wärend de republikanesche Regierunge vun de Presidente Ronald Reagan an George H. W. Bush an den 1980er a fréien 1990er huet d'Albright fir verschidden Netregierungsorganisatioune geschafft, an hiert Haus zu Washington D.C. ass e wichtegen Treffpunkt fir aflossräich demokratesch Politiker a Gesetzgeber ginn[1]. Tëscht 1982 an 1993 war si och Professesch fir International Politik op der Georgetown University zu Washington D.C. No der Victoire vum demokratesche Kandidat Bill Clinton bei de Presidentschaftswalen 1992 huet der Albright hir politesch Karriär ugefaangen an de Clinton huet si 1993 als Botschafterin bei de Vereenten Natiounen nominéiert[1][3]. Bei der UN huet si sech eng Reputatioun fir hir Haartnäckegkeet opgebaut a sech staark fir amerikanesch Interessen agesat. Si huet sech och fir eng méi grouss Roll vun de Vereenten Natioune mat UN-Operatiounen ausgeschwat, besonnesch déi mat enger militärescher Komponent. 1997 gouf si dunn als Ausseministesch vun den USA nominéiert, wat den US-Senat eestëmmeg ugeholl huet[3].

Nom Enn vun der Clinton-Administratioun 2001 huet si d'Albright Group gegrënnt, e Berodungsbüro mat Sëtz zu Washington D.C.[2] Donieft huet si reegelméisseg iwwer international politesch Theemen an Zeitungen an och e puer erfollegräich Bicher geschriwwen[2][3].

2012 krut d'Madeleine Albright vum President Barack Obama d'Presidential Medal of Freedom, eng vun den zwou héchsten zivillen Auszeechnunge vun den USA[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madeleine Albright – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Encyclopædia Britannica (gekuckt den 21. Abrëll 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 Biographie um Site vun der Albright Stonebridge Group (gekuckt den 21. Abrëll 2017)
  3. 3,0 3,1 3,2 Offiziell Biographie um Site vum amerikaneschen Ausseministère (gekuckt den 21. Abrëll 2017)