Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2019-2024 vertrieden.

Si goufen de 26. Mee 2019 ofgehalen, parallel zu deenen an den aneren EU Länner.

Am Ganzen hu 60 Kandidaten op de Lëschte vun 10 Parteie kandidéiert.

Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Stëmmziedel mat de 60 Kandidaten

Den 28. Mäerz 2019 goufen d'Nummere fir déi 10 Lëschten, déi bei den Europawalen untrieden, ausgeloust, mat dësem Resultat:[1]

Walplakater vun de Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Wal[änneren | Quelltext änneren]

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Déi kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder op verschiddene Lëschte stinn.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn zu Lëtzebuerg obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer. Och Bierger vun aneren EU-Staaten, déi op d'mannst 2 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, kënne sech op d'Wielerlëschten androen a matwielen. Si dierfen dann awer net och nach am Land wou se hierkommen wielen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Am Eenzele kruten d'Parteien déi heite Resultater:

Europawal zu Lëtzebuerg 2019
Partei Europapartei Fraktioun am EP Prozent vun de Stëmmen Verännerung Sëtz Verännerung
Demokratesch Partei (DP) ALDE ex-ALDE-Fraktioun 21,44% -3,89% 2 +1
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) EVP EVP-Fraktioun 21,2 % -16,4% 2 -1
Déi Gréng EGP Gréng/EFA-Fraktioun 18,91% +3,90% 1 ±0
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) SPE S&D-Fraktioun 12,19% +0,44% 1 ±0
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) AECR 10,04% +2,51% 0 ±0
Déi Lénk EL 4,83% -0,93% 0 ±0
Piratepartei Lëtzebuerg PPEU 7,7% +2,7% 0 ±0
Volt Lëtzebuerg 2,11% +2,11% 0
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) 1,14% -0,35% 0 ±0
Déi Konservativ 0,53% +0,53% 0 ±0
Total 100,0 6

Source: elections.public.lu

D'Sëtz ginn an enger éischter Auszielung un d'Parteie verdeelt. Eréischt da gëtt gekuckt, wéi d'Reiefolleg vun de Kandidaten an der Partei ass.

An dësem Fall war dat d'DP, dCSV an déi Gréng. D'Reschtsëtzer goungen un d'LSAP, d'DP an d'CSV.[2]

Gewielt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Am Dezember 2019 ass de Marc Angel fir den Nicolas Schmit nogeréckelt, nodeems dee Member vun der Europäescher Kommissioun gouf. Am Oktober 2023 huet dunn d'Martine Kemp de Christophe Hansen ersat, nodeems dee bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt gi war.

Portraiten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Europawalen: 10 Lëschtennummere verdeelt." rtl.lu, Update: 28.03.2019 12:45.
  2. https://elections.public.lu/content/dam/elections/fr/elections-europeennes/2019/RECENSEMENT-GENERAL-2019.pdf
  3. (fr)Élections européennes 2019 Résultats officiels. elections.public.lu (03.06.2019). Gekuckt de(n) 14.10.2023.