Tilly Metz
| Tilly Metz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
26. Mee 1967 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit vu Léiwen |
| Aktivitéit | Politikerin, Lycéesprofessesch |
| Partei | déi gréng |
| Fonctioun | Europadeputéiert, Buergermeeschtesch |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Barbara Agostino, Henry Welschbillig |
| Liewenspartner(in) | Frank Steffen |
|
| |
D'Tilly Metz, gebuer de 26. Mee 1967 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin a Member vun der grénger Partei (déi Gréng).
Nodeem si Geeschtes- a Sozialwëssenschaften enseignéiert huet, war si Directrice adjointe vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) zu Miersch.
Si war Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler zum Tuer an ass zanter Juni 2018 Member vum Europäesche Parlament an der Grupp déi Gréng/ALE. Do engagéiert se sech besonnesch an den Themen Déiereschutz, Gesondheet a Mënscherechter.
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Tilly Metz war vun 2001 bis 2007 mam Henry Welschbillig bestuet, a vun 2017 bis 2024 mat der Barbara Agostino. Si huet eng Duechter, d'Lisa-Marie, gebuer 1996[1], zesumme mam Frank Steffen.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Wärend hirem Psychologie- a Pedagogiesstudium war d'Tilly Metz an der Sozialistescher Partei Lëtzebuerg am Cercle Michel Welter engagéiert, dee sech virun allem mat Gesondheet, Educatioun a Behënnerungstheme beschäftegt. Den administrateur général Marcel Reimen huet si am Oktober 1993 ënner dem Minister Johny Lahure am Gesondheetsministère als Psychomotricienne agestallt. 1994 ass an den Enseignement gewiesselt. 2001 ass si du Member an der grénger Partei ginn a war vun 2004 bis 2009 hir Spriecherin[2].
2005 gouf d'Tilly Metz Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler zum Tuer a blouf dat bis 2011[3]. Si war déi éischt Fra an där Positioun zu Weiler an déi éischt Buergermeeschtesch vun de Gréngen an der Gemeng[2].
Am Oktober 2017 gouf si an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.
2018 gouf si fir déi Gréng/ALE-Fraktioun am Europaparlament, d'Nofollgerin vum Claude Turmes deen demissionéiert huet fir de Camille Gira an der Regierung z'ersetzen, wéi deen de 16. Mee 2018 gestuerwen ass. Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 gouf si erëmgewielt.
D'Tilly Metz huet zanter 2024 d'Roll vun der éischter Vizepresidentin vum Sous-Comité fir ëffentlech Gesondheet (SANT). Si ass och e permanente Member vum Kommitee fir Ëmwelt, Klima a Liewensmëttelsécherheet (ENVI)[4] an der Delegatioun vun de Relatioune mat Südafrika (DZA)[1]. Si ass en Ersatzmember vum Kommitee fir Landwirtschaft an nohalteg Entwécklung (AGRI)[5] a vum Kommitee fir Transport an Tourismus (TRAN)[6].
Vu 2019 bis Juni 2024 war si Presidentin vun der Delegatioun fir Bezéiunge mat zentralamerikanesche Länner (DCAM)[7] am Europaparlament.
Fir 12 Méint huet d'Tilly Metz den ANIT Spezialkommitee[8] presidéiert, deen am Juni 2020 gegrënnt gouf fir Verstéiss géint d'Uwendung vum Uniounsrecht iwwer de Schutz vun Déiere beim Transport a verbonnen Operatioune bannent a baussent der Unioun ze ënnersichen.
Interessevertriedung
[änneren | Quelltext änneren]Ëmwelt
[änneren | Quelltext änneren]D'Tilly Metz huet gehollef de Rapport "From Farm to Fork" auszeschaffen, an deem si déi ëmmer méi intensiv exportorientéiert Agrarpolitik verurteelt, déi fir d'Ëmwelt schiedlech ass. D'Gesetzer fir Pestiziden ze reduzéieren si géint déi mächteg agribusiness Lobbye geriicht[9]. Als Member vun der Kommissioun fir den Transport an den Tourismus setzt Tilly Metz sech mat der Stëmm vun de Gréngen/ALE fir en nohaltegen Tourismus an[10]. Si huet un der Gesetzgebung deelgeholl fir e soziale Klimafong op d'Been ze stelle fir der Erhéijung vun den Energiepräisser entgéint ze wierken, déi déi wirtschaftlech a sozial benodeelegt Stéit am meeschte betrëfft[11].
Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]D'Tilly Metz engagéiert sech am Beräich vun de rare Krankheeten a Behënnerungen. 11 Joer laang war si Presidentin vun der Vereenegung "Multiple sclérose Letzebuerg"[12], déi sech als Zil gesat huet, den Alldag vu Leit mat Multiple Sklerose an hir Integratioun an d'Gesellschaft ze verbesseren an z'erliichteren.
Am Europaparlament, a virun allem an der ENVI-Kommissioun, ass d'Tilly Metz aktiv an de Gesondheetsfroen. Si war e puermol Schietsrapporterin fir déi Gréng/ALE-Fraktioun, ënner anerem beim Rapport vun enger pharmazeutescher Strategie fir Europa[13].
D'Tilly Metz war stellvertriedende Member vun der Spezialkommissioun am Kampf géint de Kriibs (BECA)[14], déi als Äntwert op d'wuessend Krribsprevalenz an Europa gegrënnt gouf[15]. Schätzungen no wäerten et am Joer 2040 ronderëm 3,2 Milliounen nei Kriibsfäll an ëm déi 1,6 Milliounen Doudesfäll duerch Kriibs an der EU ginn.[16]
Si ass ausserdeem Rapportrice vum Spezialkommitee iwwer "Lektioune vun der COVID-19-Pandemie an Empfeelunge fir d'Zukunft"[17] deen am Mäerz 2022 gegrënnt gouf.
Am Joer 2023 huet si e Bréif un d'Europäesch Medikamentenagence[18] ënnerschriwwen, dee Bedenken iwwer de Manktem u reglementaresche Fortschrëtter an der psychedelescher assistéierter Therapie ausdréckt. Méi spéit dat Joer huet si eng Roll als Vizepresidentin vum Subcomité fir Ëffentlech Gesondheet (SANT) ugeholl.[19]
Mënscherechter
[änneren | Quelltext änneren]D'Tilly Metz engagéiert sech fir d'Mënscherechter, absënns duerch hir Presidence vun der Delegatioun fir d'Bezéiunge mat zentralamerikanesche Länner (DCAM)[7] am Europaparlament. D'Delegatioun organiséiert d'Aarbecht a mécht Recherchen iwwert déi politesch, wirtschaftlech, sozial, a Mënscherechtssituatioun an den néng Partnerlänner Belize, Costa Rica, Kuba, der Dominikanescher Republik, El Salvador, Guatemala, Honduras, Nicaragua a Panama. Hir Prioritéite sinn de Schutz vun de Mënscherechter, d'Rechter vun de Fraen an der LGBTQ+ Gemeinschaft, souwéi de Schutz vun Naturvëlker an Ëmweltschützer an dëser Regioun[20].
Déiereschutz
[änneren | Quelltext änneren]An den éischte Jore vun hirem Mandat huet d'Tilly Metz sech besonnesch fir den Déiereschutz agesat. Si gouf zur Cheffin vun der Enquêtëkommissioun zum Schutz vun den Déiere beim Transport[2] ernannt, där hire Schlussrapport[21] am Dezember 2021 ugeholl gouf. Si huet betount, datt et wichteg ass, fir en eenheetleche Schutzniveau fir d'Déiere wärend der Rees ze garantéieren, genee wéi et wichteg ass, datt Transporteuren a Chauffeuren sech un eenheetleche Reegele beim grenziwwerschreidenden Transport mussen halen[22].
D'Tilly Metz setzt sech och géint Déierentester an a begréisst, datt d'Europaparlament fir en Aktiounsplang gestëmmt huet fir d'Benotzung vun Déiere bei wëssenschaftlechen Experimenter an Tester ofzeschafen. Den adoptéierten Text ass net obligatoresch fir d'Memberstaaten.[23].
Atomwaffen
[änneren | Quelltext änneren]Am Februar 2019 huet d'Tilly Metz, zesumme mat zwou aneren Europadeputéierten aus der grénger Fraktioun, der Molly Scott Cato an der Michèle Rivasi an anere belschen Aktiviste vun der Organisatioun Agir pour la paix, op der Militärbasis Kleine Brogel demonstréiert, andeems se d'Landepist blockéiert hunn. Domat wollte si op d'US Atomwaffen, déi zënter 1984 op der Basis gelagert sinn, opmierksam maachen an hire Réckzuch, wéi och allgemeng dee vun US-Atomwaffen op europäeschem Territoire, verlaangen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Laboulle, L., 2024. D'Tilly kriss de net agespaart. 2109 hatten die Grünen mit Thilly Metz bei den Europawahlen ein Rekordergebnis eingefahren. Jetzt soll sie den seitdem eingefahrenen Schaden begrenzen. Ein Portrait. - d'Lëtzebuerger Land vum 22. Mäerz 2024, S. 7 (och op land.lu (nogekuckt: 29.01.2025.)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche Tilly Metz op europarl.europa.eu, dem Site vum EP.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Loïc Braun, Porträt des Monats: Lisa, ein Aufstieg in die Führungsebene in einem großen Gastronomiekonzern. https://de.moovijob.com/+(13.02.2025).+Gekuckt den 29.07.2025.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (en) L'INTERVIEW DU MOIS Tilly Metz. issuu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (fr) Commune Weiler-la-Tour. elections.public.lu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Info | ENVI | Ausschüsse | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Info | AGRI | Ausschüsse | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Info | TRAN | Ausschüsse | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ 7,0 7,1 (de) Home | DCAM | Delegationen | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Info | ANIT | Ausschüsse | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ How the Farm to Fork Strategy can Fix our Food System
- ↑ (de) Cláudia MONTEIRO DE AGUIAR, BERICHT über die Festlegung einer EU-Strategie für nachhaltigen Tourismus | A9-0033/2021 | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (en) European Parliament, Social Climate Fund | Legislative Train Schedule. European Parliament. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ Multiple Sklerose Lëtzebuerg. Gekuckt den 10 November 2022.
- ↑ (de) Dolors MONTSERRAT, BERICHT über eine Arzneimittelstrategie für Europa | A9-0317/2021 | Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Info BECA Ausschüsse Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (en) European Cancer Information System. ecis.jrc.ec.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ ECIS - European Cancer Information System | ECIS - European Cancer Information System. ecis.jrc.ec.europa.eu. Gekuckt de 07.05.2025.
- ↑ (de) Angenommene Texte - Einsetzung eines Sonderausschusses zu den Erkenntnissen aus der COVID-19-Pandemie und Empfehlungen für die Zukunft - Donnerstag, 10. März 2022. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Europäische Arzneimittel-Agentur (11.01.2023). Gekuckt den 23.03.2023.
- ↑ (en) Highlights | Home | SANT | Committees | European Parliament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 23.03.2023.
- ↑ déi Gréng. tillymetz.lu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ (de) Von besonderem Interesse. Home. ANIT. Ausschüsse. Europäisches Parlament. www.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ Fiche de procédure: 2020/2269(INI). Observatoire législatif. Parlement européen. oeil.secure.europarl.europa.eu. Gekuckt den 10.11.2022.
- ↑ MEPs prod Commission to chart animal testing phase out
