Lycée technique pour professions éducatives et sociales

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lycée technique pour professions éducatives et sociales
Déi provisoresch Strukture vum LTPES zu Miersch (2008)
(LTPES)
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul
Regimm General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Miersch
Leedung Claudine Muller
Schülerzuel 862
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 2005
Um Spaweck https://www.ltpes.lu

De Lycée technique pour professions éducatives et sociales, kuerz LTPES, ass eng ëffentlech Secondairesschoul zu Lëtzebuerg.

D'Gebai vum LTPES ass zu Miersch.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vum engem Gesetz vum 14. Mäerz 1973 gouf den « Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d'éducation différenciée », kuerz IFEM, geschaf[1].

Mam Gesetz vum 6. August 1990 gouf den « Institut d'études éducatives et sociales », kuerz IEES, an d'Liewe geruff[2] deen den 1. September 1990 opgaangen ass[3]. Deen hat zwou Sektiounen, wouvun eng op den Diplom vum Educateur an déi aner op den Diplom vum Educateur gradué virbereet huet.

D'Formatioun vum Educateur gradué gouf duerno, duerch d'Gesetz vum 12. August 2003, vun der Uni Lëtzebuerg iwwerholl[4].

Den « Lycée technique pour professions éducatives et sociales » gouf duerch d'Gesetz vum 10. August 2005 geschaf a huet den IEES ersat[5].

Am Juli 2006 gouf mam Bau vu provisoresche Strukturen zu Miersch ugefaangen. Dës sinn den 28. November 2006 vun der Erzéiungsministesch Mady Delvaux-Stehres an dem Bauteminister Claude Wiseler ageweit ginn.

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Henry R. Welschbillig (bis …)
  • Claudine Muller (zanter …)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 14 mars 1973 portant création d'instituts et de services d'éducation différenciée. legilux.public.lu (14.03.1973). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  2. Loi du 6 août 1990 portant organisation des études éducatives et sociales. legilux.public.lu (06.08.1990). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 18 août 1990 déterminant l'entrée en vigueur de la loi portant organisation des études éducatives et sociales. legilux.public.lu (18.08.1990). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  4. Loi du 12 août 2003 portant création de l'Université du Luxembourg. legilux.public.lu (12.08.2003). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  5. Loi du 10 août 2005 portant création d'un Lycée technique pour professions éducatives et sociales. legilux.public.lu (10.08.2005). Gekuckt de(n) 27.11.2022.