Isabel Wiseler-Santos Lima

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Isabel Santos-Lima)
Isabel Wiseler-Santos Lima
D'Isabel Wiseler-Santos Lima als Europadeputéiert (2019)
Gebuer 29. Dezember 1961
Lissabon
Nationalitéit Lëtzebuerg, Portugal
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Claude Wiseler

D'Isabel Wiseler-Santos Lima, gebuer den 29. Dezember 1961 zu Lissabon (Portugal)[1], ass eng lëtzebuergesch Professesch an CSV-Politikerin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Isabel Wiseler-Santos Lima huet zu Paräis op der Université Sorbonne-Nouvelle studéiert, wou si hir Maîtrise 1984 a lettres modernes gemaacht huet. Si huet als Professesch am Fieldgen geschafft a war do vun 2013 bis 2017 attachée à la direction.

Si ass zanter 1985 Member vun der CSV, an zanter de Gemengewalen am Oktober 2005 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, wou si, vun 2017 bis Juni 2019, Schäffin war.

Am Juni 2019 huet si fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten an d'Europaparlament gewielt[2]. Si huet dat europäescht Mandat ugeholl an doropshin am Stater Schäfferot demissionéiert. Si blouf weiderhin am Gemengerot[3] bis un d'Enn vun hirem Mandat, 2023.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Isabel Wiseler-Santos Lima ass mam Claude Wiseler bestuet an d'Koppel huet 2 Bouwen an ee Meedchen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isabel Santos-Lima – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Biographie op paperjam.lu, fir d'lescht gekuckt de 27. Mee 2019
  2. Élections européennes 2019 - Candidats élus op elections.public.lu, gekuckt de 27. Mee 2019
  3. "Isabel Wiseler-Lima demissionéiert aus dem Stater Schäfferot". rtl.lu de 24. Juni 2019.