Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 (Lëtzebuerg)
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2004-2009 vertrieden.
Si goufen den 13. Juni 2004 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 2004, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Resultat
[änneren | Quelltext änneren]D'CSV huet par Rapport zu de Wale vun 1999 ee Sëtz bäigewonnen, iwwerdeems d'LSAP ee verluer huet. D'DP an Déi Gréng krute jee een.
Partei | % | Ënnerscheed | Sëtz | Ënnerscheed | |
---|---|---|---|---|---|
CSV (Chrëschtlech Sozial Vollekspartei) |
37,1 | +5,4 | 3 | +1 | |
LSAP (Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei) |
22,0 | -1,6 | 1 | -1 | |
Déi Gréng | 15,0 | +4,3 | 1 | - | |
DP (Demokratesch Partei) |
14,9 | -5,6 | 1 | - | |
ADR (Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet) |
8,0 | -1,0 | 0 | - | |
Déi Lénk | 1,7 | -1,1 | 0 | - | |
KPL (Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) |
1,2 | N/A | 0 | N/A | |
Total | 100 | - | 6 | - | |
Quell: Service Information et Presse |
- Ageschriwwe Wieler: 229.550. Hu gewielt: 208.436 (90,8 %). Gëlteg Stëmmen: 1.081.475.
Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme verginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder verschiddene Lëschte stinn,.
D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn.
Gewielt goufen
[änneren | Quelltext änneren]A Gréngschrëft stinn déi Deputéiert déi no der Validatioun an der Chamber genannt goufe fir Lëtzebuerg am Europaparlament ze vertrieden
Partei | Numm | Stemmen | |
CSV | Jean-Claude Juncker | 41 455 | Premierminister; Staatsminister; Finanzminister vun der Regierung Juncker-Asselborn I |
Luc Frieden | 25 168 | Justizminister; Budgetsminister | |
François Biltgen | 16 875 | Aarbechtsminister; Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung; Minister fir de Kultus | |
Viviane Reding | 13 398 | Member vun der Europäescher Kommissioun. | |
EVP | Astrid Lulling | 12 745 | nogeréckelt |
Fernand Boden | 12 549 | Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau | |
EVP | Jean Spautz | 12 264 | nogeréckelt |
Marie-Josée Jacobs | 11 564 | Ministesch fir Famill an Integratioun; Ministesch fir Chancëgläichheet | |
Michel Wolter | 8 149 | President vun der Chamberfraktioun vun der CSV | |
EVP | Erna Hennicot-Schoepges | 7 426 | nogeréckelt |
LSAP | Jean Asselborn | 14 433 | Vizepremierminister; Ausseminister a Minister fir Immigratioun |
SPE | Robert Goebbels | 12 140 | nogeréckelt |
ALDE | Lydie Polfer | 22 184 | |
EGP | Claude Turmes | 13 762 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten (1979 bis haut).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Steve Bissen, Europawahlen 2004: 40.000 Stimmen-Marke geknackt op wort.lu de 6. Mee 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 6. Mee 2019, Säit 2