Monica Semedo

Vu Wikipedia
Monica Semedo
Gebuer 15. Juni 1984
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Tréier
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Sänger, Politolog, Politiker
Partei Demokratesch Partei, Fokus

D'Monica Semedo, gebuer de 15. Juni 1984[1], ass eng lëtzebuergesch Politologin a Politikerin an eng fréier Sängerin a Moderatorin.

Hir Eltere koumen an den 1970er Jore vum Cap Vert op Lëtzebuerg schaffen[2].

Mat dräianenhalleft Joer gouf d'Monica bei engem Gesangsconcours vum Jang Linster entdeckt, deen an de Joren duerno mat him Kannerlidder-CDe produzéiert huet, déi e grousse Succès am Land haten. D'Stéck Jiddereen huet eppes – zesumme hu mer vill war e puer Wochen op der Plaz 1 vun den Charts. Als Teenager huet d'Monica Semedo op RTL Télé Lëtzebuerg Emissioune wéi "Häppi Diwwi", "Planet RTL" a "Planet Hits" moderéiert[2].

Si huet op der Universitéit Tréier Russesch, Spuenesch a Politikwëssenschaft studéiert an dee Studium 2015 mat engem Master a Politikwëssenschaft ofgeschloss[3].

Op Télé Lëtzebuerg huet si ufanks, niewelaanscht, geleeëntlech d'Meteospronosticken an aner Sendunge moderéiert. Dono huet si, ofwiesselend mat aneren, ë. a. d'Emissioune Picco Bello a Live Planet People moderéiert a Reportagë fir de Magazin gemaach.

Am Mee 2018 huet si bei RTL opgehalen, fir als Kandidatin fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 op der Lëscht vun der DP am Osten matzemaachen[4]. Si ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[5].

Am Januar 2019 gouf si Responsabel fir Kommunikatioun an Direktiounsassistentin bei Luxembourg for Finance.

Am Mee 2019 huet si fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten op der Lëscht vun der Demokratescher Partei an d'Europaparlament gewielt[6].

Am Januar 2021 gouf si vum EU-Parlamentspresident David Sassoli fir véierzéng Deeg vun hiren Aufgaben als EU-Deputéiert suspendéiert. Et gouf hir psychologesch Belästegung vun hiren 3 Assistente virgeworf[7]. De 27. Januar 2021 huet d'Monica Semedo hiren Austrëtt aus der Demokratescher Partei bekannt ginn.[8] Am Mäerz 2022 gouf dunn erëm eng Enquête wéinst Mobbing géint d'Monica Semedo lancéiert, well en neien Assistent eng Plainte am Europaparlament géint si gemaach huet[9]. Op en Neits gouf si am Abrëll 2023 dowéinst vun der Parlamentspresidentin Mezzola mat enger Geldstrof an Héicht vun 10 Deeg Indemnitéite sanktionéiert.[10] De 27. Juni 2023 huet si eng Klo géint d'Europaparlament agereecht[11], well d'Verfare géint si rechtswidreg wier.[12]

Am Februar 2024 gouf si Member vun der Partei Fokus an ass op hirer Lëscht Kandidatin fir d'Europawale vum 9. Juni 2024.[13]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E Maacher Meedchen, in Revue Nr 34/2011.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op paperjam.lu.
  2. 2,0 2,1 "Monica Semedo, die Wetterfee: Heiter bis wolkig." telecran.lu.
  3. Bernard Thomas: "What makes Monica run (for office)?" in: d'Lëtzebuerger Land 27. Juli 2018, Nr.30, S.6.
  4. Thierry Raizer: "Monica Semedo, de RTL au DP." paparjam.lu, 30 avril 2018, 07:16.
  5. Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“.
  6. Élections européennes 2019 - Candidats élus op elections.public.lu, gekuckt de 27. Mee 2019
  7. Artikel am Essentiel
  8. Monica Semedo démissionne du DP. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-12.
  9. D'Monica Semedo ass op en Neits mat Mobbing-Virwërf konfrontéiert op rtl.lu, gekuckt den 31. Mäerz 2022
  10. "Monica Semedo op en Neits sanktionéiert." rtl.lu, 18.04.2023.
  11. Klage, eingereicht am 27. Juni 2023 — Semedo/Parlament. Amtsblatt der Europäischen Union (11.9.2023). Gekuckt de(n) 31.10.2023.
  12. Nach Sanktionen wegen Mobbing, Monica Semedo hat das EU-Parlament verklagt. wort.lu [€] (31.10.2023). Gekuckt de(n) 31.10.2023.
  13. "Monica Semedo geet mat op der Lëscht vu Fokus an d'Europawalen." rtl.lu, 24.02.2024.