Martine Kemp

Vu Wikipedia
Martine Kemp
Gebuer 8. Juli 1994
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École privée Fieldgen,
Universitéit Wien,
Technesch Universitéit Darmstadt
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Geschwëster Françoise Kemp

D'Martine Kemp, gebuer den 8. Juli 1994[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Europapolitikerin (CSV).

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Première um Fieldgen huet si op der Uni vu Wien e Bachelor a Sozialwëssenschaft gemaach an duerno op der Technescher Universitéit zu Darmstadt e Master als Verkéiersingenieur[2].

Si huet zanter 2021 bis zum Moment vum Wiessel an d'EU-Parlament fir de Service Circulation vun der Stad Lëtzebuerg geschafft, e Posten, dee se wéinst Inkompabilitéit mat hirem Mandant huet missen opginn.[3]

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Martine Kemp gouf mat 16 Joer Member vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend (CSJ), wou si 2023 Vizepresidentin ass. Si ass och Sekretärin vun der CSV fir international Affären.[4]

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament am Joer 2019 war si déi Drëttgewielt op der Lëscht vun der CSV an déi Fënneftgewielt am Ganzen (si krut 39.654 Stëmmen)[5], gouf awer net direkt an d'Europäescht Parlament gewielt. Si ass dunn de 24. Oktober 2023 fir de Christophe Hansen als eng vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert an d'EU-Parlament nogeréckelt, nodeems den Hansen säin Europamandat néiergeluecht hat, well hien als Kandidat bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt gi war[6].


Si ass d'Sëschter vun der Françoise Kemp.[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martine Kemp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fiche um Site vum Europäesche Parlament.
  2. perséinlech Informatioune vum Titulaire
  3. Jeannot Ries: "Nei EU-Deputéiert Martine Kemp: 'Lëtzebuerg an Europa weiderbréngen'." rtl.lu, 18.10.2023.
  4. Diego Velazquez: "Wer ist Martine Kemp, die neue CSV-EU-Parlamentarierin?" wort.lu [w+], 23.10.2023.
  5. (fr)Élections européennes 2019 Résultats officiels. elections.public.lu (03.06.2019). Gekuckt de(n) 14.10.2023.
  6. Pierre Weimerskirch: "Martine Kemp ersetzt Christophe Hansen." rtl.lu, 12.10.2023.
  7. "Françoise et Martine, les deux sœurs chacune élue dans son Parlement." lessentiel.lu, 2023-11-21.