Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CSV)
CSV ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner CSV (Homonymie)
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Ofkierzung CSV
President Luc Frieden
Vizepresidentinnen Martine Hansen
Christian Weis
Generalsekretär Alex Donnersbach
Françoise Kemp
Tresorier Thierry Schuman
Gegrënnt Dezember 1944 (modern)
16. Januar 1914 (historesch)
Parteizentral 4, Waassergaass
L-1449 Lëtzebuerg
Jugendorganisatioun Chrëschtlech-Sozial Jugend
Fraenorganisatioun Chrëschtlech-Sozial Fraen
Ideologie Chrëschtlech Demokratie
Konservatismus
Politesch Positioun Mëtt-riets
Europäesch Affiliatioun EVP
International Affiliatioun Chrëschtlech Demokratesch International
Europäesch Parlamentsgrupp EVP
Faarf Orange
Slogan Kloer, no & gerecht
Chamber
21/60 Sëtz
Europaparlament
2/6 Sëtz
Websäit
https://csv.lu/

D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei[1] (kuerz: CSV) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Dezember 1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, huet sech déi fréier konservativ Rietspartei nei constituéiert an a Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) ëmbenannt. Dofir gëllt dacks als hire Grënnungsdatum dee vun der Rietspartei: de 16. Januar 1914.[2],[3] Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 krut d'CSV 25 vun 51 Sëtz.

Bis 1974 war d'CSV an engem Stéck, a Koalitioun meeschtens mat der DP, mä och alt mat der LSAP, an der Regierung. 1974 bis 1979 war se eng éischt Kéier an der Oppositioun. Duerno war se nees 34 Joer den Haapt-Koalitiounspartner an de sukzessive Regierunge mat haaptsächlech der LSAP, 1979-1984 an 1999-2004 och der DP, als Partner. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 koum et fir d'zweet nom Zweete Weltkrich zu enger Koalitioun ouni d'CSV. Eréischt bei de Wale vum 8. Oktober 2023 huet d'Resultat nees eng Regierung ervirbruecht, an där d'CSV (Haapt)koalitiounspartner war.

Parteipresidenten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Émile Reuter (1945 - 1964)
  2. Tony Biever (1964 - 1965)
  3. Jean Dupong (1965 - 1972)
  4. Nicolas Mosar (1972 - 1974)
  5. Jacques Santer (1974 - 1982)
  6. Jean Spautz (1982 - 1990)
  7. Jean-Claude Juncker (1990 - 1995)
  8. Erna Hennicot-Schoepges (1995 - 2003)
  9. François Biltgen (2003 - 2009)
  10. Michel Wolter (2009 - 2014)
  11. Marc Spautz (2014 - 2019)
  12. Frank Engel (2019 - 2021)
  13. Claude Wiseler (2021 - 2022)
  14. Claude Wiseler (2022 - 2023[4]) Elisabeth Margue (2022 - 2024)
  15. Luc Frieden (zanter 2024[5])

Generalsekretären[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vun der CSV-Chamberfraktioun[änneren | Quelltext änneren]

Sëtz an der Chamber[änneren | Quelltext änneren]

Sëtz vun der CSV an der Chamber
1945-2023
Joer Sëtz vun am Ganzen
1945 25 51
...
1954 26 52
1959 21 52
1964 22 56
1968 21 56
1974 18 59
1979 24 59
1984 25 64
1989 22 60
1994 21 60
1999 19 60
2004 24 60
2009 26 60
2013 23 60
2018 21 60
2023 21 60

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Eegenen Aussoen no huet d'CSV 10.303 Memberen (Stand 30/09/2014), dovu sinn 3.653 Fraen (35,5 %) a 6.650 Männer (64,5 %). 9 % vun de Membere hu bis 33 Joer, 54,5% sinn tëscht 33 a 65 Joer al, a 36,5 % hunn iwwer 65 Joer.[6]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schaus, Émile, 1974. Ursprung und Leistung einer Partei: Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974. Luxemburg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Luxemburger Wort vum 16. Januar 2014, S. 2-4: Von der Widerstands- zur Volkspartei (Heute vor 100 Jahren wurde die Vorläuferpartei der CSV gegründet)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de lëtzebuergesche RegierungsmemberenTransportministerenJustizministerenKommunikatiounsministerenChamberpresidentenDeputéiert an der ChamberDeputéiert am EuropaparlementLëtzebuergesch Membere vun der Europäescher KommissiounBuergermeeschterenADRCSVDéi GréngDéi LénkDPKPLLSAPPIDPiratepartei

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Schreifweis steet an de Statute vun 2013 am Artikel 1.1
  2. Quell: Radio 100,7, Noriichten um 8 Auer vum 16.01.2014.
  3. Cf. Div. Auteuren, 1974. 60 Jahre CSV am 14. Januar 1974: Rückblenden und Berichte zum Jubiläum der CSV wie sie im "Luxemburger Wort" veröffentlicht wurden. Texter: Emile Burggraff, Emile Schaus, Gilbert Trausch. Luxemburg: [CSV], 1974, Luxemburg, impr. Saint-Paul. 45 p.
  4. huet de 27.11.23 als Co-President demissionéiert, well d'Plaz net mat där vu Chamberpresident kompatibel ass (Quell: RTL.lu)
  5. (lb)CSV-Nationalkongress: E Premier, deen och d'Partei wëllt presidéieren. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-16.
  6. "CSV: Partei gesäit sech als gréisst Biergerinitiativ am Land." rtl.lu, leschten Update: 09.10.2014, 12:55:32.