Christian Weis
Christian Weis | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Haute École Louvain en Hainaut, Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Assistant social, Politiker |
De Christian Weis, gebuer den 22. Februar 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Christian Weis huet vun 2006 un op der Haute école Louvain en Hainaut studéiert an 2009 e Bachelor als Assistant social gemaach. Duerno war hien op der Universitéit vu Léiwen an huet säi Studium an de Politikwëssenschafte mat engem Master ofgeschloss.[1]
Hien huet vun 2015 bis Enn 2023 als Sozialaarbechter beim Roude Kräiz a war vun 2018 bis 2020 Dozent op der Uni Lëtzebuerg am Fach „bachelor en sciences sociales et éducatives“.[1]
2016 ass de Christian Weis an den Escher Gemengerot nogeréckelt an 2017 gouf hien direkt op der Lëscht vun der CSV an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt. Am September 2020 gouf hien, wéi am Koalitiounsaccord vun der CSV-DP-déi gréng-Koalitioun virgesinn, Schäffen amplaz vun der Mandy Ragni (Déi Gréng).[2]
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien als Zweeten op der Lëscht vun der CSV, mat 3.657 Stëmmen, an den Escher Gemengerot erëmgewielt a gouf nees Schäffen.[3]
Nodeems de Georges Mischo de 17. November 2023 Minister an der Regierung Frieden-Bettel gouf, an dofir d'Escher Buergermeeschteschplaz huet missen opginn, gouf de Christian Weis den 29. November 2023 vum Gemengerot zum neie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht gewielt, an de 7. Dezember 2023 vereedegt.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)Christian Weis. linkedin.com. Gekuckt de(n) 16.11.2023.
- ↑ Nicolas Anen: Esch: Christian Weis wird neuer Schöffe." wort.lu, 25.09.2020.
- ↑ 3,0 3,1 Glenn Schwaller: "Christian Weis wird neuer Bürgermeister in Esch." wort.lu [w+], 16.11.2023.