Thierry Schuman
Thierry Schuman | |
---|---|
Gebuer | 8. Januar 1960 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vun Tréier |
Aktivitéit | Politiker, Psycholog |
Den Thierry Schuman, gebuer den 8. Januar 1960, ass e lëtzebuergesche Psycholog a Lokalpolitiker.
Hien ass zënter 2020 Buergermeeschter vun der Gemeng Koplescht[1].
De 24. Juli 2022 gouf den Thierry Schuman als Conseiller vum Staatsrot ernannt, wou hien de Patrick Santer ersat huet, deem säi Mandat op en Enn goung. Hie gouf den 3. September 2024 vereedegt[2].
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Den Thierry Schuman huet vun 1979 bis 1984 op der Uni Tréier klinesch Psychologie studéiert a säi Studium mat engem Master ofgeschloss.[3] Hien huet 1984 bei der Banque Générale du Luxembourg mat schaffen ugefaangen (déi duerno Fortis a méi spéit BGL BNP Paribas gouf). Do war hien a verschiddenen Departementer beschäftegt (Private Banking a Retail Banking) an duerno am Personal-Departement, vun deem hien eng Zäit laang Human-Resources-Direkter war. Vun 2005 bis 2014 war hie Member vum Direktiounscomité vun der Bank. Am Januar 2015 koum hien an der HR-Funktioun an den Exekutivkommitee vun der BNP Paribas zu Paräis. Hien huet do de Carrieremanagement vun de Membere vun de verschiddenen Exekutivkommiteeë vun der Bank iwwerholl.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Thierry Schuman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Kopstal: Thierry Schuman wird neuer Bürgermeister. Luxemburger Wort (27.10.2020). Gekuckt de(n) 08.10.2024.
- ↑ (fr)Assermentation de Monsieur Thierry Schuman. conseil-etat.public.lu (16.09.2024). Gekuckt de(n) 08.10.2024.
- ↑ Quell wou net anescht uginn: Thierry Schuman, membre du comité de direction de BGL BNP Paribas op paperjam.lu.