Carlo Back

Vu Wikipedia
Carlo Back
Gebuer 23. Januar 1952
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Physiker, Politiker
Partei déi gréng

De Carlo Back, gebuer den 23. Januar 1952 zu Wolz[1], ass e lëtzebuergesche pensionéierte Physiker a Politiker (Déi Gréng).

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Carlo Back (genannt Karel) huet an de 70er e Bachelor a Biowëssenschaften an e Master a radioprotection et technologie nucléaire op der Universitéit zu Léiwen gemaach. No der Nuklearkatastroph 1979 op der Three Mile Island an der Géigend vun Harrisburg suedelt hien ëm a geet op Guildford fir do e Master a medezinescher Physik ze maachen.

No sengem Studium huet hie vun 1982 bis 2014 um Ministère de la Santé geschafft. Do huet hie sech besonnesch an der Fuerschung fir eng fréizäiteg Detektioun vum Broschtkriibs engagéiert. 2014 gouf hie pensionéiert.[2]

Politesch Mandater[änneren | Quelltext änneren]

De Carlo Back war fir d'éischt Kandidat fir Déi Gréng bei de Gemengewalen 1999. Hie war Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg vun Dezember 2005 bis September 2021.[3] D'Maria Eduarda de Macedo iwwerhëlt säi Mandat am Stater Gemengerot.

Hie war Kandidat bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 am Bezierk Zentrum, gouf awer net direkt gewielt. Hien ass du fir de François Bausch an d'Chamber nogeréckelt, wéi deen an d'Regierung genannt gouf. De Carlo Back ass de 6. Dezember 2018 als Deputéierte vereedegt ginn[4]. De 27. September 2021 huet hie seng Demissioun als Deputéierte vun 2022 un annoncéiert. D'Jessie Thill ersetzt hien um Krautmaart.[5]

Als Deputéierte huet hie sech besonnesch mat den Theeme Mobilitéit an Energie auserneegesat, absënns soll d'Qualitéit an d'Energieeffizienz vum ëffentlechen Transport verbessert ginn. Hien huet och aktiv un der Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft, besonnesch vun der Aarbechtswelt, matgeschafft a gekuckt, datt dobäi kee Bierger vergiess gëtt[6].

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass a verschiddenen ONGen am Beräich vun der Entwécklungshëllef aktiv an intresséiert sech a senger Fräizäit fir Cyclissem, Wanderen a Reesen[7].

Hie wunnt um Belair, ass bestuet a Papp vun zwee Kanner[7].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Carlo Back, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018
  2. Carlo Back, l'Européen convaincu. Wort.lu (2019-01-18). Gekuckt de(n) 2019-11-05.
  3. De Carlo Back hält no 16 Joer am Stater Gemengerot op. Gekuckt de(n) 27. September 2021.
  4. «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
  5. Gréng-Fraktion wird jünger und weiblicher, wort.lu, 28. September 2021
  6. Mit neuem Schwung ins Parlament op wort.lu de 6. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 31. Dezember 2018
  7. 7,0 7,1 Conseil communal - Membres: Fiche signalétique op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018