Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale
Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale | |
---|---|
Den neie Sëtz vum Ministère zu Gaasperech | |
Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Martine Deprez |
Adress | 1, rue Charles Darwin L-1433 Luxembourg, 26, rue Saint-Zithe L-2763 Luxembourg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://msss.gouvernement.lu/ |
Deen dacks just Gesondheetsministère genannte Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet (fr: Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf an dee sech ëm d'Ëmsetze vun der Gesondheetspolitik an där vun der sozialer Sécherheet vun der Lëtzebuerger Regierung këmmert.
E setzt sech aus dem fréiere Gesondheetsministère (Ministère de la Santé) an deem vun der Sozialversécherung (Ministère de la Sécurité sociale) zesummen.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]An de Beräicher vun der Santé publique an dem Gesondheetssystem schafft de Gesondheetsministère op der Basis vun de Grondwäerter wéi der Universalitéit, dem Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Versuergung, der Gerechtegkeet an der Solidaritéit.
Wat d'sozial Sécherheet ugeet, ass dem Ministère seng Haaptaufgab fir d'Sozialversécherung vun de Bierger ze garantéieren an op liewenslaang Risiken a Bedierfnesser an de Beräicher Krankheet, Alter, Ofhängegkeet, Behënnerung a Beruffsaccidenter ze reagéieren.
Kompetenz vum Ministère
[änneren | Quelltext änneren]D'Servicer a Verwaltungen, déi ënnert d'Kompetenz vum Gesondheetsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Beräich „Gesondheet“
[änneren | Quelltext änneren]- Konzeptioun vum Gesondheetssystem
- Promotioun a Reglementatioun vun de Gesondheetsberuffer
- Relatioun mat de Servicer an de Beräicher vun der Preventioun an Hëllef, der Psychiatrie baussent de Klinicken, de Sucht- an de chronesche Krankheeten
- Spidolsberäich: Gesetzgebung, Koordinatioun a Planifikatioun
- Direction de la santé: Protektioun a Fërderung vun der Gesondheet als allgemengt Wuelbefannen, op physeschem, psycheschem a sozialem Plang
- Nationale Gesondheetsobservatoire
- Nationale Service fir Informatioun a Mediatioun am Gesondheetsberäich
Ëffentlech Etablissementer ënnert der Tutelle vum Ministère
[änneren | Quelltext änneren]- Centre hospitalier de Luxembourg
- Centre hospitalier du Nord
- Centre hospitalier neuropsychiatrique
- Thermalbad Munneref
- Rehazenter
Aner Etablissementer
[änneren | Quelltext änneren]- Service de santé au travail multisectoriel
- Laboratoire national de santé
- Luxembourg Institute of Health
- Agence eSanté
Medezinesch-sozial Aktioun
[änneren | Quelltext änneren]Auslännesch Bezéiungen
[änneren | Quelltext änneren]Bezéiunge mat europäeschen an internationalen Institutiounen am Beräich vun der Gesondheet an de Medikamenter
- Weltgesondheetsorganisatioun
- Europäesch Unioun:
- Europäesch Medikamentenagence ((en) European Medicines Agency, EMA)
- Europäeschen Zenter fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten ((en) European Centre for Disease Prevention and Control, ECDC)
- Europäesch Exekutivagence fir Gesondheet an Digitales ((en) European Health and Digital Executive Agency, HaDEA)
- Europäeschen Observatoire vun den Drogen an der Drogesucht ((fr) Observatoire européen des drogues et des toxicomanies, OEDT)
- Generaldirektioun fir d'Gesondheet an d'Liewensmëttelsécherheet ((fr) Direction générale de la santé et de la sécurité alimentaire, DG SANTE)
- Europarot
- International Agence fir Atomenergie
Beräich „Sozial Sécherheet“
[änneren | Quelltext änneren]- Sozialversécherungspolitik op nationalem an internationalem Niveau
- Generalinspektioun vun der Sozialversécherung
- National Gesondheetskeess; Krankekeess vun de Beamten an ëffentlechen Employéen; Krankekeess vun de Gemengebeamten an -employéen; Medezinesch Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Eisebunn; Mutualitéit vun den Employeuren; Association d'assurance accident; National Pensiounskeess; Kompensatiounsfong; Centre commun de la sécurité sociale
Historique vum Ministère
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer d'Jore war d'„Gesondheet“ deels mat anere Ressorte kombinéiert oder an anere Ministèren integréiert; virun 2023 gouf et sou z. B. zwee eegestännege Ministèren, ee fir d'Gesondheet an ee fir d'Sozialversécherung.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.