Mutualité des employeurs
Ausgesinn
| Mutualité des employeurs | |
|---|---|
| Typ | Ëffentlecht Etablissement |
| Grënnungsdatum | 01.01.2009 |
| Sëtz |
125 route d'Esch 1471 Lëtzebuerg |
| Generaldirekter | Jean-Paul Olinger (President) |
| Branche | Mutualitéit |
| Homepage | www.mde.lu |
|
| |
D'Mutualité des employeurs ass eng Institutioun vun der Sozialversécherung zu Lëtzebuerg déi duerch d'Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenheetsstatut den 1. Januar 2009 an d'Liewe geruff[1]. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Zweck
[änneren | Quelltext änneren]D'Patronen hunn d'Flicht hir Salariéen am Fall vun enger Aarbechtsonfäegkeet weider ze bezuelen. Den Zweck vun der Mutualitéit ass et fir d'Patrone virun dëse Käschten ze schützen.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Mutualité des employeurs gëtt vun engem Verwaltungsrot vun zéng Membere geréiert. Dozou gehéieren:
- sechs Delegéiert vun der Chambre de commerce an der Chambre des métiers,
- een Delegéierte vun der Chambre d'agriculture,
- een Delegéierte vun de Fräiberuffler an
- d'Presidente vun der Caisse nationale de santé an dem Centre commun de la sécurité sociale.
| Period | President |
|---|---|
| ? | Pierre Bley |
| ? | Nicolas Henckes |
| 26.06.2019- | Jean-Paul Olinger |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique. legilux.public.lu (13.05.2008). Gekuckt den 18.09.2020.
