Op den Inhalt sprangen

Jean-Paul Olinger (Ekonomist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ekonomist Jean-Paul Olinger. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Paul Olinger.
Jean-Paul Olinger
Gebuer 5. Juni 1978
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun HEC Lausanne,
Universitéit Mannheim
Aktivitéit Ekonomist

De Jean-Paul Olinger, gebuer de 5. Juni 1978 zu Esch-Uelzecht[1] ass e lëtzebuergeschen Ekonomist. Hien ass zanter Mee 2024 Direkter vun der Steierverwaltung[2].

Studium a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Kolléisch huet de Jean-Paul Olinger vun 1997 bis 2002 op der HEC zu Lausanne Ekonomie studéiert a säi Studium mat engem Master of Science ofgeschloss. Duerno (2002 – 2003) huet hien op der Universitéit Mannheim e Master an der internationaler Wirtschaft, dem Handel, dem Handeslrecht an dem Steierrecht gemaach a vun 2022 bis 2024 nach en TRIUM Global Executive MBA ofgeschloss[3].

Hien huet vun 2005 bis 2017 bei KPMG Luxembourg geschafft. Am Januar 2018 ass hie bei d'UEL gewiesselt, wou en ufanks Generalsekretär a méi spéit Direkter a President vum Exekutivkommitee war. Hie war zur selwechter Zäit och Direkter vum INDR[2].

Enn Abrëll 2024 huet hie seng Funktioune bei der UEL an dem INDR opginn. Den 30. Abrëll 2024 gouf hien als Direkter vun der Steierverwaltung vum Finanzminister vereedegt.[4]

De 14. Februar 2025 gouf hien zum President vum Verwaltungsrot vum MUDAM ernannt.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. F2065 – Union des Entreprises Luxembourgeoises, lbr.lu
  2. 2,0 2,1 (fr)Jean-Paul Olinger directeur de l’Administration des contributions directes. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 22.02.2024.
  3. (en)Jean-Paul Olinger. www.linkedin.com. Gekuckt de(n) 22.02.2024.
  4. Assermentation du nouveau directeur de l’Administration des contributions directes, Jean-Paul Olinger. Administration des contributions directes (30.04.2024). Gekuckt de(n) 16.2.2025.
  5. Jean-Paul Olinger nommé président du conseil d'administration au Mudam. Ministère de la Culture (14.02.2025). Gekuckt de(n) 16.02.2025.