Op den Inhalt sprangen

Martine Deprez

Vu Wikipedia
Martine Deprez
Gebuer 26. Abrëll 1969
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politikerin, Mathematikerin
Partei CSV
Fonctioun Conseillère am Staatsrot, Gesondheetsministesch vu Lëtzebuerg

D'Martine Deprez, gebuer de 26. Abrëll 1969[1] zu Wolz[2], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass si Gesondheetsministesch an der Regierung Frieden-Bettel[3].

Si huet op der Universitéit vu Léck Mathematik studéiert (1989-1992) a huet duerno, vun 1992 bis 2001 als Chargée d'études bei der Inspection générale de la sécurité sociale geschafft. Vu Januar 2002 u war si Mathematikprofessesch am Lycée Aline-Mayrisch an duerno am Lycée Hubert-Clément bis si Ministesch gouf.[4]

Si war Kandidatin am Südbezierk fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 a gouf do déi fënneft op der Lëscht vun hirer Partei, net genuch fir e Sëtz am Parlament.[5]

Si war zanter dem 8. November 2012 Member vum Staatsrot[6], bis s'am November 2023 an der Regierung Frieden-Bettel de Posten als Gesondheetsministesch a Ministesch fir d'Sécurité sociale ugeholl huet.

Vun Oktober 2015 bis 2019 war si Presidentin vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)[2][7].

 Commons: Martine Deprez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  2. 1 2 F5499 UGDA, am Handelsregëster, lbr.lu, gekuckt de 16.11.2023
  3. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  4. Fiche fir d'Chamberwalen 2009 op csv.lu
  5. "Staatsrot: Martine Deprez Member? Kritik vu Gréng an ADR!" RTL.lu - 10.07.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 17:36
  6. Annonce vun der Martine Deprez hirer Vereedeguing als Member vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de 24.01.2013. Gekuckt de 16.12.2012.
  7. "Ugda: Martine Deprez nei Presidentin." rtl.lu, 30.10.2015, 07:34:46.