Nationale Brauerei- a Gierwereimusée zu Wolz

Vu Wikipedia

Den Nationale Brauerei- a Gierwereimusée zu Wolz (Musée national d'Art brassicole, resp. Musée de la Tannerie) ass zënter 1999 an de fréiere Ställ vum Schlass zu Wolz ënnerbruecht.

De Brauereimusée[änneren | Quelltext änneren]

De Brauereimusée gëtt vun der Gemeng Wolz an der Confrérie Gambrinus ënnerstëtzt a vum Wëlzer Syndicat d'Initiative géréiert.

E bitt en Iwwerbléck iwwer déi 6000 Joer al Braukonscht, mat Schwéierpunkt op der Geschicht vun der Brauerei zu Lëtzebuerg.

Zum Musée gehéiert de Bistrot Jhang Primus, am Stil vun den alen Duerfcaféën, an, zënter 2000, eng Mikrobrauerei, wou een och Seminairen iwwer d'Braurei beleeë kann.

De Gierwereimusée[änneren | Quelltext änneren]

De Gierwereimusée, deen am selwechte Gebai ass, weist d'Geschicht vun de Gierwereien zu a ronderëm Wolz, déi bis an d'17. Joerhonnert zeréckgeet. 1868 gouf et net manner wéi 28 Gierwereien an der Gemeng, vun deenen et der zwou, Ideal a Lambert, bis an d'Hallschecht vum 20. Joerhonnert gepackt hunn. An der Tëschekrichszäit hu bis zu 1200 Leit bei Ideal geschafft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • "Musées" op der Websäit vun der Gemeng Wolz