Gierwereien zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Plakat vun der Ideal, Wolz, 1948

Gierwereien zu Lëtzebuerg gouf et der laang zu Veianen an haaptsächlech zu Wolz. Dat war zu där Zäit, wéi nach am Éislek Lou geschlass ginn ass. Am Joer 1811 hunn zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen.

D'Haaptclientë vun de lëtzebuergesche Gierwereie ware laang déi friem Arméien, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren. Et gëtt gesot, datt e puer éisträichesch Regimenter zur Zäit vum Maria Theresia ausschliisslech Stiwwelen aus lëtzebuergeschem Lieder gedroen hunn.

Wéi synthetesch Substanzen d'Lou bei der Liederproduktioun ersat hunn, ass hir Zuel lues a lues zréckgaangen. Am Zweete Weltkrich hunn d'Gierwereien duerch Zerstéierungen dann och nach 40% vun hirer Produktiounskapazitéit agebéisst. Virum Krich waren nämlech 860 Aarbechter an de Gierwereie beschäftegt. Hir Zuel ass op 570 am Joer 1949 zréckgaangen.

An den 1950er Jore war et du Schluss. Dunn huet déi lescht Gierwerei, d'Ideal, zu Wolz, missen zoumaachen. Dat war een haarde Schlag fir Wolz. Vun do un huet d'Regierung ugefaangen, nei Industrien an d'Land ze bréngen. Dat ass geschitt am Kader vun enger sougenannter industrieller Reconversioun.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Weber, Paul: Histoire de l'Economie luxembourgeoise, Imprimerie Victor Buck, Luxembourg, 1950, 432 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]