Op den Inhalt sprangen

Emile Gerson

Vu Wikipedia
Emile Gerson
Gebuer 21. Abrëll 1911
Pärel
Gestuerwen 10. Juni 1994
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler
Fonctioun Buergermeeschter

Den Emile Gerson, gebuer den 21. Abrëll 1911 zu Pärel a gestuerwen den 10. Juni 1994 zu Wolz[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.[2]

Hie gouf bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 als Deputéierten an d'Chamber gewielt a bei de deene vum vum 26. Mee 1974 an deene vum vum 10. Juni 1979 jeeweils erëmgewielt, an huet säi Mandat als Deputéierte bis de Mee 1984 ausgeféiert.[2]

Den Emile Gerson war vun 1951 bis 1981 am Gemengerot vun der Gemeng Wolz, dovunner vun 1970 bis 1981 Buergermeeschter.[2],[3]

Hie war Vizepresident vum LCGB a Member vun der Aarbechterkummer a vum Wirtschafts- a Sozialrot.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. S. 309
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Noruff wärend der 3. Séance extraordinaire vun der Chamber vum 26. Juli 1994
  3. Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Wolz op der Websäit vun der Gemeng Wolz
  4. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 6. Dezember 2022