Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Dichter

Vu Wikipedia

De Jean-Pierre ("Jemp") Dichter, gebuer de 25. Juni 1945 zu Ettelbréck, ass e fréiere lëtzebuergesche Politiker (CSV) an Enseignant.

Vun 1970 bis 1984 war hie Chargé de cours am Collège d'enseignement moyen et professionnel Wiltz an am Lycée technique du Nord, dem haitegen Lycée du Nord.

Hie war vun 1979 bis vun 1999 am Gemengerot a vun 1982 bis 1987 Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz.[1]

Vun 1979 bis 1989 war hien Deputéierten an der Chamber.

Hie war als Conseiller de Gouvernement am Landwirtschaftsministère ee vun den Initiateure vun de Leaderprojeten zu Lëtzebuerg, an huet de Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère op internationale Kongresser vertrueden wéi z.B. 1997 zu Tokio bei Geleeënheet vun der 13. OECD-Versammlung vum Groupe de Conseil sur le développement rural wou hien am Atelier iwwer Amenitéiten, mam Theema Les parcs naturels, une chance pour les aménités rurales, referéiert huet.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, 2016, Emile Lutgen. S. 331 ff.
  2. Rapport d'activité vum Ministère d'Etat vun 2001 op gouvernement.lu