Gollo Steffen
Ausgesinn
Gollo Steffen | |
---|---|
Pseudonym | Gollo |
Gebuer |
30. Oktober 1952 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Museker, Iwwersetzer, Komponist, Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Editeur |
Famill | |
Bestuet mat | Renée Weber |
De Robert "Gollo" Steffen, gebuer den 30. Oktober 1952 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Museker, Schrëftsteller an Editeur, deen 1988 de Buch- a Musekverlag Op der Lay zu Esch-Sauer gegrënnt huet.
Hien ass bekannt ënner dem Numm Gollo Steffen, mat lëtzebuergesche Lidder wéi z. B.:
- Nr. 60110
- Amerika läit jhust viroan Ëlwen
Vun 1988 bis 2005 war hie Schäffe vun der Gemeng Esch-Sauer.
Haaptberufflech war hie vun 1978 u bis zu senger Pensionéierung Däitschprofesser a verschiddene Schoulen; Centre d'études professionnelles zu Ettelbréck, Lycée Michel Rodange zu Lëtzebuerg, Lycée du Nord zu Wolz, Lycée classique de Diekirch.
Discographie (Gollo Steffen a Robert Stephen Band)
[änneren | Quelltext änneren]- 1980: Du méist lo ufänken (LP)
- 1982: Ka komme, wat wëllt (LP)
- 1985: E Bild vun engem Mann (LP)
- 1989: Gollo 60110 (CD an MC, 2. Oplo 1998))
- 1994: Gollo Kaddo (EP)
- 1997: Eng laang Strooss (CD, mat Lidder vun den LPen)
- 2006: Vum Lämmes Gebass (CD)
- 2007: Live & lieweg (Live an der Rockhal am Dezember 2006)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gollo Steffen – Biller, Videoen oder Audiodateien |