Op den Inhalt sprangen

Georges Everling

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Everling
Gebuer Abrëll 1907
Wolz
Gestuerwen 25. Februar 1944
SS-Sonderlager Hinzert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler, Fonctionnaire, Scout
Erënnerungsplackett un de Georges Everling an den Tony Noesen an der "Sühnekapell" zu Hinzert

De Georges Everling, gebuer de 27. oder 28. Abrëll 1907 zu Wolz,[1],[2] an ermuert vun den Nazien de 25. Februar 1944 zu Hinzert, war e Lëtzebuerger Beamten, Scout a Resistenzler.

Wéi ënner dem Gauleiter Gustav Simon am August 1940 d'Parteien, d'Gewerkschaften an all Veräiner verbueden, respektiv opgeléist goufen, huet de Georges Everling zesumme mat enger Parti kathoulesch-konservative Scouten eng passiv Resistenzgrupp gegrënnt där si den Numm Letzeburger Scouten L.S. ginn hunn. Am Juni 1941 huet d'L.S. mat der Letzeburger Legio'n L.L. vum Aloyse Raths fusionéiert fir vun do un als Letzeburger Vollekslegio'n L.V.L. z'agéieren.

An der Zäit wéi de Georges Everling Comitésmember an der L.V.L. war, gouf mat der Lëtzeburger Patriote Liga zesummegeschafft. Am September an Oktober 1943 hat d'Gestapo am ganze Land massiv Razzie géint d'Resistenz gemaach, am Kader vun deenen och hien den 23. Oktober 1943 verhaft gouf a kuerz duerno an d'KZ op Hinzert koum. Do, an engem Bësch nobäi, ass hien de 25. Februar 1944 zesumme mat sengem Scoutefrënn Tony Noesen an 21 aner Lëtzebuerger Patrioten nom Wonsch vum Gauleiter Simon op "staatspolizeilechem Wee erleedegt ginn",[3] sou d'Ëmschreiwung vun den Nazie fir déi Erschéissungen ouni Geriichtsprozess. D'Läiche vun den Erschossene goufen dunn an en déiwe Gruef gehäit, dee polnesch Prisonéier den Dag virdrun hate missen aushiewen[4].

Den 9. Mäerz 1946 goufe seng stierflech Iwwerreschter op Lëtzebuerg iwwerfouert an um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

D'Trupp vun de Gaasperecher Guiden a Scouten ass nom Georges Everling benannt.

  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, Luxemburg, 1997

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Mémorial A Nr 27 vum 7. Mee 1960 Liste des personnes décorées jusqu'ici par arrêté grand-ducal à titre posthume de la Croix de l´Ordre de la Résistance 1940-1944, als Gebuertsdatum gëtt hei de 27. Abrëll 1907 genannt.
  2. Um Site vun den Enrôlés de force gëtt als Gebuertsdatum de 27. Abrëll 1907 an als Gebuertsuert Wolz uginn. Zousätzlech gëtt do awer och den 28. Abrëll 1907 (Livre d'or des camps) an nees de 27.Abrëll 1907 (Tableau d'honneur des morts pour la patrie en Allemagne dont les dépouilles mortelles furent transférées vers le sol natal) genannt.
  3. Säit 20 in: Klopp, Eberhard, 1983. Hinzert - kein richtiges KZ?: Ein Beispiel unter 2000. Trier, éditions trèves, 141 S. ISBN 3-88081-128-8
  4. Säit 20-22 in: Klopp, Eberhard, 1983. Hinzert - kein richtiges KZ?: Ein Beispiel unter 2000. Trier, éditions trèves, 141 S. ISBN 3-88081-128-8