Letzeburger Legio'n

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Letzeburger Legio'n war eng lëtzebuergesch Resistenzlerorganisatioun, déi am Zweete Weltkrich (September 1940) vum Aloyse Raths zu Biissen gegrënnt gouf.

Versammlung an der Schräinerei[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Oktober 1940 huet den Aloyse Raths an der Schräinerei vun der Famill Pierre Schummer zu Biissen eng Versammlung aberuff, op déi hien e puer Bekannte vun him invitéiert hat: de Michel Decker, d'Bridder François a Jean-Pierre Nilles, de Félix Steinberg an den Nicolas Wolff.

"Programm" vun der LL[änneren | Quelltext änneren]

Et existéiert keen Exemplär méi vun den LL-Statute well d'Membere bei der Fusioun mat de Lëtzebuerger Scouten ënner Eed dozou verflicht goufen, den ale Programm mat all méigleche Pabeiere vun der LL ze verbrennen.
De "Programm" hat eng gutt Dosen Artikelen an deenen am Wiesentlechen dat hei stoung:

  • Artikel 1: Protektor vun der Lëtzebuerger Legioun ass de Prënz Jang.
  • Artikel 2: Un der Spëtzt vun der LL steet de Legiouns-Chef.
  • Artikel 3: Déi vereedegt Membere vun der LL heesche Legionnären (Lg).
  • Artikel 4: Wien en neie Member opgeholl huet, kritt den Titel Legiounswerber (Lgw).
  • Artikel 5: Verdéngschtvoll Lgw kënne vum Chef zum Legiounshaaptwerber (Lghw) ernannt ginn.
  • Artikel 6: Viru senger Admissioun als Lg muss een op d'LL vereedegt ginn.
  • Artikel 7: Den Eed gëtt virun engem Kruzifix ofgeluecht mat dëse Wierder: "Ech schwieren, der LL an hirem Chef trei ze sinn, mech all hire Befeeler z'ënnerwerfen an d'Geheimnis vun der LL ze wahren".
  • Artikel 8: Ausser dem Numm vu sengem Werber duerf een nëmmen d'Nimm kenne vun deene LG, déi ee selwer opgeholl huet oder déi mat engem zesumme vereedegt goufen.
  • Artikel 9: Et ass streng verbueden, Nimm ze nennen oder no Nimm vun anere Legionären ze fuerschen.
  • Artikel 10: No der Vereedegung kritt een eng Nummer. Nëmmen déi eleng duerf benotzt gi bei all schrëftlechem Verkéier.

Wéi den Aloyse Raths bei de Feierlechkeete vun de Krichserënnerungsfeieren 2005 sot: woren nach e puer Ponkten dran, un déi ech mech net méi erënnere kann; wat ech awer sécher weess, dat ass, datt näischt vun engem politesche Programm oder vun engem Nokrichsprogramm dra stoung. An dat kënnen och all déi LL-Membere bezeien, déi haut nach liewen.

Participatioun un der L.L no Kantonen[änneren | Quelltext änneren]

Den Aloyse Raths huet Statuten ausgeschafft an ass am Oktober 1940 zu Biissen mat enger Rei vu Bekannten zesummekomm, déi sech bereet erkläert hunn, bäizetrieden, an déi och direkt vereedegt goufen. Opgrond vun enger Etüd vum Serge Hoffmann huet den neigegrënnte Mouvement iwwerall am Land rekrutéiert an du huet sech déi follgend regional Repartitioun erginn:

Kanton Dikrech 28,5 %
Kanton Lëtzebuerg 20,0 %
Kanton Miersch 11,5 %
Kanton Gréiwemaacher 08,5 %
Kanton Klierf 08,5 %
Kanton Esch-Uelzecht 06,0 %
Kanton Iechternach 05,8 %
Kanton Réiden 05,6 %
Kanton Wooltz 05,6 %

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

  • No der Usiicht vu sengem Grënner sollten all Memberen "kämpferesch" aktiv sinn.
  • Am Mouvement gouf et eng ausgeprägten Hierarchie.
  • Aus Sécherheetsgrënn si Virsiichtsmoossname geholl ginn, fir d'Identitéit vum Chef (Aloyse Raths) geheim ze halen.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

D'L.L. huet ugefaangen, Biller vun der Groussherzogin Charlotte, dem politesche Symbol vun der lëtzebuegescher Resistenz, ze verdeelen. Wéi dunn, 1941, de Reichsarbeitsdienst agefouert gouf, ass et drëm gaangen, déi éischt Refractairen an och franséisch politesch Prisonéier, déi aus dem RAD-Lager vun Niedersgegen, am haitegen Äifelkrees Béibreg-Prüm, fortgelaf waren, ze verstoppen.

D'L.L. war sech bewosst, datt de Kampf géint d'Naziën nëmmen op enger breeder Basis Erfolleg kéint hunn. Dofir sinn am Dezember 1940 Kontakter mat der L.P.L. (Lëtzeburger Patriote Liga, Raymond Petit) am Hibléck op en Zesummeschloss opgeholl ginn. Si hate leider keen Erfolleg. Dunn huet d'L.L. sech mat der Resistenzorganisatioun L.S. (Letzeburger Scouten) zesummegedoen, fir duerno mat der L.S. ënner dem neien Numm L.V.L. (Letzeburger Vollekslegio'n) ze fusionéieren. Dobäi waren déi zwou Organisatiounen allerdéngs bestrieft, fir en equilibréiert Matsproocherecht bäizebehalen. Dat huet net ëmmer funktionéiert, wéi et geduecht war. Kuckt bei der L.V.L. (Letzeburger Vollekslegio'n).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]