Raymond Petit (Resistenzler)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Resistenzler Raymond Petit. Fir de Sculpteur, kuckt wgl. Raymond Petit (Sculpteur).
Raymond Petit
Raymondpetit.jpg
Gebuer 16. Januar 1920
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Abrëll 1942
Bäerdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler, Student
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Raymond Petit, gebuer de 16. Januar 1920 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 21. Abrëll 1942 zu Bäerdref, war e lëtzebuergesche Student a Resistenzler, deen ënner den Aliassen AC13 oder Fernand Schmitt gewierkt huet.

Hien huet am September 1940, ënnerstëtzt, ënner anerem, vu sengem Frënd Erny Gillen, zu Iechternach d'Resistenzorganisatioun L.P.L. gegrënnt. Hie gouf vun den Nazie verfollegt an huet sech, op der Flucht virun der Gestapo, den 21. Abrëll 1942 d'Liewe geholl.

Fir un hien z'erënneren, goufen 2008 zu Bäerdref eng Strooss no him genannt an e Monument opgeriicht.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Raymond Petit war den zweete Fils vum Jean-Pierre Petit an der Anne Olinger. Als jonkt Kand hat hien eng Poliomyelite. Mat vill Reeducatioun an Training huet hie seng Kannerlähmung zum Deel iwwerwonnen a konnt sech schliisslech ganz gutt op sengem Vëlo deplacéieren.

No der Primärschoul an der Stad ass hien op Iechternach an de Kolléisch gaangen. Hie war vun der Musik passionéiert an engagéiert am Schach-Club aus deem ëmmer méi eng politesch Diskussiounsgrupp gouf. Zu där Zäit huet sech de sougenannten “Echternacher Freundeskreis“ gebilt, deen de Kär vun der spéiderer Resistenzorganisatioun LPL ausgemaach huet.

An der Zäit vun der Drôle de guerre koum et ënner verschiddene Studenten zu Iwwerleeungen iwwer e méigleche Widderstand. E konkreten Ustouss koum fir de Raymond Petit vum Dr Henius, engem Däitschen, deen duerch seng Flucht aus dem “Reich” staatelos gi war, an deen dem Raymond Petit vun de reelle Verhältnesser ënner den Nazien erzielt huet, vun der Juddeverfolgung a vum Terror an de Konzentratiounslager. Zur gläicher Zäit koum hien iwwer d'“Alliance française” mat Leit a Kontakt déi sech staark fir d'Zoustänn an d'Evenementer am däitsch-lëtzebuergesche Grenzraum intresséiert hunn a gouf fräiwëllege Mataarbechter vun engem franséische Service de Renseignement, fir deen e kleng Opträg erfëllt huet. Ausserdeem hu si ugefaange pro-Nazipersonnagen, a besonnesch Matschüler auszespionéieren, a konnte sou och e puer däitsch Hannermänner ausmaachen, déi no der Invasioun an der Besatzung zu Lëtzebuerg eng Roll gespillt hunn.

Mam Amarsch vun der Wehrmacht, den 10. Mee 1940, ass aus deenen Aktivitéite bluddegen Eescht ginn. Dem Raymond säi Brudder Pierre Petit schreift: Unsere bisherigen Unternehmungen gegen deutsche Agenten und Luxemburger Verräter waren trotz unserer ehrlichen Begeisterung und Entschlossenheit und trotz der erzielten Erfolge eher ein romantisches Detektivspiel gewesen, bei dem wir schlimmstenfalls riskierten, in eine zünftige Schlägerei verwickelt zu werden. Doch jetzt war alles anders. [...] Wir hatten Angst, aber wir wollten nicht einfach aufstecken.[1]

Vläicht hëlleft déi Vue vun der Lag och en zimmlecht rätselhaft Ereegnes am Raymond sengem Liewen z'erklären. Sonndes, den 19. Mee huet hie sech mat senge Kolleegen zu Hemstel getraff fir d'Situatioun z'analyséieren. Schonn dunn huet hie plädéiert fir en nationale Resistenzmouvement opzeriichten an en offiziell ënner d'Tutelle vun der Groussherzogin Charlotte an hirer Regierung ze stellen. War hie mam Resultat vun deem Meeting onzefridden? Op jiddwer Fall stoung den 21. Mee 1940 eng Doudesannonce am Luxemburger Wort, déi gesot huet, datt de Raymond Petit Sonndes owes bei Altréier ëmkomm wier.[2] Awer no enger Rei Woche war hien nees zréck a senger Klass. Iwwer seng Aktivitéiten an där Zäit ass näischt Sécheres gewosst. Hien hätt an engem Lazarett geschafft, sech als Medezinstudent ausginn a Verletzter gefleegt. Hie wier mat engem Motorrad duerch d'Frontlinn bis a Frankräich gefuer an nees zréck, an aner méi oder manner fantasievoll Geschichten, glafwierdeg oder och net. Laut dem Erny Gillen hate seng Kolleegen den Androck datt hien hinnen d'Wourecht net wollt soen, zumindest net déi ganz.[3]

LPL[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Militärverwaltung am Summer 1940 duerch eng däitsch “Zivilverwaltung“ ënner dem Gauleiter Gustav Simon ersat gi war, an d'Propaganda op vollen Touren ugelaf ass, fir Lëtzebuerg Heim ins Reich anzeglidderen, huet de Raymond Petit Enn September 1940 d'LPL gegrënnt.

De Reseau ass systematesch opgebaut ginn, Schoulen a Lycéeë waren e fruchtbare Buedem. Séier hu sech an all den Uertschafte wou e Schüler Member vun der LPL war, lokal Sektioune forméiert. D'Aktivitéite vun der LPL ware vun Ufank u wäit gespreet: Et si Fluchziedelen a Fotoe verdeelt ginn, an d'Verbreede vun Nouvellë respektiv Gerüchter war essentiel. Eng materiell a moralesch Ënnerstëtzung an Hëllef fir Persounen, déi vun der Gestapo gesicht goufen, huet missen organiséiert ginn. Dat noutwendegt Geld ass ënner de Membere gesammelt ginn. Weider goung et drëm, Fluchtweeër ze fanne fir déi, déi op der alliéierter Säit kämpfe wollten. Kontakter mat franséischen a belschen Ënnergrondorganisatioune sinn opgeholl ginn, an zouverlässeg Verbindunge mat London hu missen hiergestallt ginn. Liewensmëttelkaarten, falsch Pabeieren, wéi Identitéitskaarten, Gebuerts- oder Dafschäiner, Bestietnes- an Doudeszertifikaten hu misse besuergt oder hiergestallt ginn. Souguer Waffe sinn de 26. Oktober 1941 aus dem Kommissariat vun der Police vun Dikrech “besuergt“ ginn. A scho virun der Aféierung vun der Wehrpflicht, Enn August 1942, ass den Empfank vu politesche Refugiéë virbereet ginn.

Eng vun deene wichtegsten Aktivitéite vun der Resistenz war d'Campagne géint déi sougenannt Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzeburger Patriote Liga

Dokument vum Raymond Petit mat falschem Numm

1941 war dem Raymond Petit matgedeelt ginn, datt hien net zum Premièresexamen 1941 zougelooss wier[4] an hien ass kuerz virum Exame vun der Schoul geflunn. Hie war weiderhin aktiv an, wéi virdru gesot, staark un der Campagne géint d'"Personenstandsaufnahme" am Oktober bedeelegt. Den 21. November 1941 ass hien ënnergedaucht, an huet wärend 5 Méint ëmmer nees (ënner dem falschen Numm Fernand Schmitt) seng Stopp gewiesselt: Vun Iechternach ass en op Bäerdref an duerno op Draufelt (mat engem Tëschestopp zu Eeselbur) geflücht. No Draufelt war hien och eng Zäit zu Rodange; duerno ass et nees iwwer Iechternach a Bäerdref op Draufelt gaangen.[5]

No enger Verhaftungswell am November 1941 an engem weidere schwéiere Schlag vun de Besatzer géint d'Resistenz am Februar 1942, war duerno kuerzfristeg nees e bëssche méi Rou. Dem Raymond seng Kolleege wollten hie bei engem “franc-tireur” (engem Nazi-Opponent ouni Memberschaft an enger Organisatioun) verstoppen, fir definitiv d'Spuren ze verwëschen, mä hie wollt net ophalen an huet insistéiert weiderzeschaffen, well et gouf genuch ze dinn: Trakter virbereeden an ausdeelen, Sabotageaktioune plangen an ausféieren, déi ëmmer méi schwiereg Liaisoun mat London weiderféieren, Stoppen ariichten, Filièren an d'Belsch an no Frankräich ënnerhalen, a sou weider.

Nodeem et de 16. a 17. Abrëll zu weidere Verhaftunge koum, hu seng Frënn nach eng Kéier alles mobiliséiert fir eng sécher Stopp ze fannen. Mä de Raymond Petit, deen nees zu Bäerdref war, wollt net méi weider an ass den 21. Abrëll 1942 owes vun der Gestapo gestallt ginn. Hien huet op si geschoss an zwéin oder dräi vun hinne getraff an duerno déi lescht Kugel déi en hat, fir sech geholl. Nom Jean Aimé Stoll hat hien decidéiert fir sech z'afferen, soudatt déi aner alles konnten op hien ofwälzen an en huet doduerch verhënnert datt d'Arrestatiounen am selwechte Mooss konnte virugoen.[6]

Et gëtt bis haut keng definitiv Äntwert op d'Fro ob an, an deem Fall, vu wiem, hie verrode gouf oder op hie sech selwer opginn hat. Egal wéi, de Raymond Petit huet säi Wuert gehalen a gekämpft bis zum Doud. Déi Däitsch hunn duerno seng Äschen an Däitschland vergruewe fir ze verhënneren datt seng Begriefnesplaz sollt zu engem Märtyrermemorial ginn. Säin Doud hat allerdéngs eng Resonanz wäit iwwer d'Lëtzebuerger Grenzen eraus a gouf an der alliéierter Press gewierdegt, wéi ënner anerem am “Daily Telegraph” oder am “Daily Express”.[Source?]

D'Nazien hunn ni opgehalen nom “grousse Chef” ze sichen, och wa si wuel woussten, datt de Raymond Petit ee vun den Haaptleit war. Souguer nom Krich hu munch Leit dee Mythos nach ëmmer gegleeft, wéi folgenden Extrait aus engem Artikel vum spéidere Minister Pierre Grégoire weist: “Ein Raymond Petit darf als Held verehrt werden und mit der Gloriole unseres politischen Märtyrertums bedacht werden. Er hat es verdient als treuer, begeisterter und tollkühner Sohn der LPL-Bewegung. Dass er weder der geistige Vater noch das wirkliche Oberhaupt dieser Liga gewesen ist, sollten zum mindesten seine heutigen Lobredner und Verherrlicher, die es wissen, auch verkünden.... ich möchte, um der Wahrheit willen, die tatsächlichen Gründer als solche fortleben lassen.[7]

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. August 1945, moies um 9 Auer, huet e feierleche Läichendéngscht fir de Raymond Petit an der Kathedral vu Lëtzebuerg stattfonnt.[8]

Am Joer 1947 sinn dem Raymond Petit seng Äschen aus Däitschland rapatriéiert ginn.[9] Méindes, den 13. Januar, si si géint hallwer fënnef nomëttes zu Réimech op der Bréck mat engem Militärcamion ukomm a feierlech empfaange ginn.[10] Dënschdes, de 14. Januar, um hallwer zéng, war an der Kathedral vu Lëtzebuerg e feierleche Requiem an duerno, um hallwer eelef, d'Inhumatioun vun der Urn mat den Äschen um Nikloskierfecht.[9] Kuriéis ass, datt eng Ried, déi den Iechternacher Professer Charles Becker fir déi Zeremonie virbereet hat, net gehale konnt ginn; si gouf e puer Deeg duerno an dem Tageblatt publizéiert.[11] Am Luxemburger Wort vum 13. Januar 1947 war en Témoignage vum Paschtouer Nik Theis iwwer dem Petit säi Liewen als Resistenzler a säin dramateschen Doud.[12] En aneren Aspekt vum Petit senger Perséinlechkeet, nämlech seng Léift fir d'Musek, stoung am Mëttelpunkt vun engem Bäitrag, deen den 18. Januar 1947 am Wort publizéiert gouf, mat engem längeren Text mam Titel Was die Musik mir bedeutet, deen de Petit selwer am November 1940 verfaasst hat.[13]

Den 23. Januar 1947 ass de Raymond Petit zesumme mat villen anere Resistenzler, déi am Krich ëmkomm waren, posthum mat der Croix de la Résistance dekoréiert ginn.[14]

Säin Numm huet och um Monument aux Morts figuréiert, deen am Mäerz 1955 an der sougenannter Aile des sciences vum Iechternacher Kolléisch ageweit ginn ass.[15]

De 7. Oktober 1982 ass zu London am Special Forces Club (enger Vereenegung vun de fréiere brittesche Spezialtruppen a Resistenzler, déi ënner dem Héije Patronage vun H.M. Queen Elizabeth, the Queen Mother stoung) eng Gedenkfeier ofgehale ginn, woubäi dem R. Petit säi Portrait an d'Éieregalerie vun de verstuerwenen Agenten opgehaange gouf. D'Zeremonie gouf ofgehalen a Presenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur zu London an héichgestallte brittesche Membere vun de Spezialtruppen.[Source?]

Fir de 50. Anniversaire vum R. Petit sengem Doud sinn eng Rei vun Artikelen an den Zeitungen an am Rappel publizéiert ginn. Den 21. Abrëll 1992 moies war eng Zeremonie an der Stad mat enger Mass an der Glaciskapell an um Petit sengem Graf goufe Blummen néiergeluecht. Nomëttes gouf zu Iechternach am Laf vun enger zweeter Gedenkzeremonie eng Plack, déi un de Raymond Petit erënnere soll, an deem Fligel vum Kolléisch, wou d'Biologie ass, ageweit. Deen Deel vum Gebai sollt vun do un den Numm Aile Raymond Petit droen, dee sech an der Praxis awer net als Begrëff duerchgesat huet.[16]

Schliisslech ass den 13. Oktober 2008 zu Bäerdref e Gedenkstee fir de Raymond Petit, an der Entrée vun der Raymond-Petit-Strooss, vum Buergermeeschter Ernest Walerius, a Presenz vum Minister Nicolas Schmit an der Statssekretärin Octavie Modert, ageweit ginn.[Source?]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1947. In Memoriam Raymond Petit. In: Lëtzebuerger Revue,N°3 1.-15 Februar 1947, S.52
  • Anonyme, 1982. Raymond Petit. 1920-1942. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 37 (1982), n° 3/4, S. 84.
  • Gillen, E.. Begegnungen mit Raymond Petit. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 47 (1992), n° 1, S. 9-72.
  • Gillen, E., 1992. In memoriam Raymond Petit: Resistenz “ab initio” In: Letzeburger Sonndesblad 1992, Nr. 16, S. 7-9.
  • Gillen, E., 1992. Raymond Petit. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Imprimerie St Paul, S. 411-415.
  • Glesener, R. (éd.), 1970. Die L.P.L., ihre Gründung, ihr Wesen, ihr Aufbau, ihre Ziele. In: Dem Vergiëssen entrëissen: d'Stad Remeleng an der Letzeburger Resistenz 1940-1945. [Esch-sur-Alzette]: [s.n.], [1970]. n.p. [concerne Raymond Petit].
  • Glesener, R. (éd.), 1970. Portrait d'un résistant. In: Dem Vergiëssen entrëissen: d'Stad Remeleng an der Letzeburger Resistenz 1940-1945. [Esch-sur-Alzette]: [s.n.], [1970], n.p. [concerne Raymond Petit].
  • Haag, Emile, 2011. Raymond Petit *1920 1942: la Résistance contre l'occupation nazie, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, S. 438-443.
  • Hildgen, R., 1992. Kabale und Liebe - Begegnung mit Raymond Petit. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 47(1992), n° 1, S. 81-84.
  • Hoffmann, Serge, 2004. Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 158 S.
  • Kauthen, P., 1992. Il y a 50 ans, Raymond Petit a fait le sacrifice d'une jeune vie pleine de promesses. In: Luxemburger Wort 1992, Nr. 92 (18. April), S. 6.
  • Lutgen, G., 1992. Raymond Petit, dirigeant de la jeunesse résistante mort il y a 40 ans pour que vive le Luxembourg libre. In: Luxemburger Wort 1982, Nr. 92, S. 5.
  • Lutgen, G., 1992. Raymond Petit, dirigeant de la jeunesse résistante. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers politiques. - Luxembourg, 37 (1972), n° 3/4, S. 85-89.
  • Lutz, G., 1977. Il y a 35 ans, Raymond Petit, fondateur de la Ligue patriotique luxembourgeoise (LPL) mourut pour le Luxembourg libre. /. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 32 (1977), n° 12, S. 381-387.
  • Lutz, G., 1992. Raymond Petit, fondateur de la LPL, mort à Berdorf: le 21 avril 1942, à l'âge de 22 ans, les armes à la main face à la Gestapo. / Germain Lutz. In: Lëtzebuerger Journal 1992, Nr. 74 (16. Abrëll), S. 10-11.
  • Muller, C., 1997. Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, Luxemburg.
  • Neuens, R., 1992. Gedenkfeier für Raymond Petit: es geschah vor fünfzig Jahren. In: Luxemburger Wort 1992, Nr. 92 (18. April), S. 6.
  • Nilles, L.N., 1992. Der Opfertod eines grossen Patrioten: Raymond Petit AC 13. In: Lëtzebuerger Journal 1992, Nr. 76 (18./19. Abrëll), S. 7.
  • Stoll, A., 1992. Une pensée pour Raymond Petit 1920-1942. In: Rappel: organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, 47 (1992), n° 1, S. 73-80.
  • Theis, N. (N. T.), 1947. Ein Resistenzler: Raymond Petit † 21.4.1942. In: Luxemburger Wort 1947, Nr. 13 (13. Januar), S. 4. [9]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pierre Petit: Das war Bergen-Belsen, erauskomm a ville Fortsetzungen am “Rappel” zwëscht 1967 an 1971.
  2. Luxemburger Wort 1940, Nr. 142 (21. Mai), S. 4
  3. Erny Gillen: Begegnungen mit Raymond Petit, “Rappel” 1/1992.
  4. Kauthen 1992.
  5. De Paschtouer Nik Theis huet spéider geschriwwen: [...] Den Eindruck, den man in kurzer Zeit von ihm gewinnen musste, kann man nie mehr los werden. Sein Schatten verfolgt einen. Er hatte etwas von dem berühmten englischen Oberst Lawrence an sich. Die Preussen hatten ihn auf Mass und Wert erkannt und eingeschätzt: “Diesen Kopf müssen wir haben.” (Theis 1947).
  6. Jean Aimé Stoll: Portrait d'un résistant, publizéiert am Buch Dem Vergiëssen enträissen vum Roby Glesener.
  7. Erio [Pierre Grégoire]: Backgrounds: Anonyme Skandalanzeiger. Luxemburger Wort, 17. Januar 1947, S. 2. [1]
  8. Raymond Petit †. LW 1945 Nr. 234 (22. August), S. 2
  9. 9,0 9,1 Raymond Petit, gefall zu Berduerf den 21.4.1942. Escher Tageblatt 1947, Nr. 9 (11. Januar), S. 4. [2]
    Raymond Petit †, gefall zu Berduerf den 21.4.1942. Luxemburger Wort 1947, Nr. 11/12 (11. Januar), S. 4. [3]
  10. Re'mech. Luxemburger Wort 1947, Nr. (15. Januar), S. 4
  11. In Memoriam Raymond Petit. Discours écrit par M. Ch. B. [Charles Becker], pour être dit sur sa tombe lors de ses obsèques, mais qui n'a pas pu être prononcé. Escher Tageblatt 1947, Nr. 15 (18. Januar), S. 9. [4]
  12. Theis 1947.
  13. mh: In Memoriam Raymond Petit. Luxemburger Wort 1947, Nr. 18/19 (18. Januar), S. 2 [5]
  14. Relevé des héros de la Commune de Luxembourg décorés à titre posthume de la Croix de la Résistance. Luxemburger Wort 1947 (27. Januar), S. 4 (35. Petit Raymond, route d'Arlon 14). [6]
    Ordre de la Résistance: relevé des héros de la Commune de Luxembourg ayant reçu la Croix de l'Ordre de la Résistance 1940-1944 à titre posthume le 23 janvier. Escher Tageblatt 1947, Nr. 23 (29. Januar), S. 7 (35. Petit Raymond, route d'Arlon 14). [7]
    Relevé des héros décorés à titre posthume de la Croix de la Résistance 1940-1944. Luxemburger Wort 1947, Nr. 29 (29. Januar), S. 3. [8]
  15. Gillen 1992, Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch, S. 415.
    Kuckt och: Kauthen, P., 1992. Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991), S. 164.
  16. Neuens 1992.
    PoL: “Er setzte sich ein für Unabhängigkeit, Freiheit und Menschlichkeit”: gestern Dienstag fanden in der Hauptstadt und in Echternach Gedenkzeremonien zu Ehren des LPL-Begründers und Luxemburger Helden Raymond Petit statt. In: Luxemburger Wort 1992 (22. April), S. 7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Erny Gillen, e Frënd vum Raymond Petit als Zäitzeien am Film: Heim ins Reich