Monument Raymond Petit Bäerdref
Ausgesinn
|
| |
| Typ | Gedenksteen |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Bäerdref |
| Plaz | Bäerdref |
| Koordinaten | 49°49'12,76"N, 6°20'53,59"O |
| Ageweit | 13. Oktober 2008 |
| Héicht | 1 m |
| Material | Sandsteen |
| Zu Éiere vun | Raymond Petit |
|
| |
D'Monument fir de Raymond Petit ass e Gedenksteen un de Raymond Petit, e jonke Resitenzler vu Bäerdref.
Et ass e Block aus Lëtzebuerger Sandsteen vu ronn engem Meter Héicht, op deem eng Plack ubruecht gouf, op där steet:
- Am Kampf géint den Okkupant
- huet de
- Raymond Petit
- den 21. Abrëll 1942
- am jonken Alter vun 22 Joer
- zu Bäertref säi Liewe geaffert
- fir seng Komeroden
- an d'Lëtzebuerger Land
- Bäertref den 13.10.2008
D'Monument, dat an der Raymond-Petit-Strooss steet, gouf den 13. Oktober 2008 ageweit.
