Erny Gillen (Resistenzler)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Resistenzler Erny Gillen. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Erny Gillen. |
| Erny Gillen | |
|---|---|
| Gebuer |
19. Mäerz 1921 Haler |
| Gestuerwen |
2. Februar 2004 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzler, Schrëftsteller, Auteur |
|
| |
Den Erny (Ernest) Gillen, gebuer den 19. Mäerz 1921 zu Haler, a gestuerwen den 2. Februar 2004 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Auteur a Resistenzler.
Am Abrëll 1942, an der Zäit wou Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ënner däitscher Besetzung war, gouf hie wéinst Resistenzaktivitéite verhaft a koum an de Prisong vu Lëtzebuerg-Gronn. Duerno gouf hien an d'SS-Sonderlager Hinzert bruecht, wou hie vun der Gestapo verhéiert gouf. Weider Statioune waren de Prisong vu Wittlich an d'KZ Natzweiler-Struthof, wou en an d'Niewelager Urbes-Wesserling koum fir do am Tunnel du Bussang ze hëllefe V1- a V2-Rakéiten ze bauen. Am Mäerz 1945 goung et du weider an d'KZ Dachau.
Den Erny Gillen huet am Claude Lahr sengem Dokumentarfilm Heim ins Reich als Zäitzeie matgewierkt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Erny Gillen / Marcel Ewers Sou wéi ech et erlieft hunn In: Gemengebuet (Waldbillig). - n°2 (2005), p. 23-24
- "Sou wéi ech et erlieft hunn": gestohlene Jugendjahre in den Konzentrationslagern Natzweiler-Struthof und Dachau: 1942-1945 [S.l.]: Famille E. Gillen, 2005. - 415 p.: ill. - ISBN 2-87996-769-4
