Kierch Wolz

Vu Wikipedia
Kierch vu Wolz
Filialkierch vu Wolz (2011)

Filialkierch vu Wolz (2011)
Filialkierch vu Wolz (2011)
Uertschaft / Plaz Wolz
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Tréischterin
am Leed
Baujoer 1729
Koordinaten 49° 57’ 53.2’’ N
      05° 56’ 05’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wolz ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert.

D'Kierch ass der Tréischterin am Leed geweit. D'Fest gëtt de Samschde vun der véierter Woch no Ouschtere gefeiert.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue des Charretiers mat der rue des Rochers, net wäit vun der Kräizung mat der N12 (rue de la Fontaine).

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1728 ugefaange mat Bauen. D'Plaz huet virdrun engem Friderich Küffer gehéiert. 1729 konnten déi éischt Masse gehale ginn.[2]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Wolz (Notre-Dame), déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur fréierer Par Wolz (Notre-Dame) huet ausser der Parkierch vu Wolz (Notre-Dame) och nach d'Kapell vu Rulljen gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 169-171