Philippe Ernzer

Vu Wikipedia
Philippe Ernzer
Gebuer 20. Juni 1998
Wolz
Aktivitéit Meteorolog

De Philippe Ernzer, gebuer den 20. Juni 1998 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen Entreprener am Beräich Meteorologie.

Zanter 2010 bedreift hie säin eegene private Wiederdéngscht Météo Boulaide an ass vum Juli 2014 u bekannt fir seng Wiederprognosen.

Hie kënnt vu Bauschelt. Seng éischt Wiederstatioun huet hien am Dezember 2009 a Betrib geholl, mëttlerweil huet hie säin eegene private Wiederdéngscht.

De private Wiederdéngscht konzentréiert sech engersäits op genee Prognose fir Lëtzebuerg, huet sech awer am Laf vun de Jore virun allem op markant Wiederevenementer spezialiséiert. E puermol am Dag gi Bulletine publizéiert, bei spezielle Wiederlage souguer an zäitnoen Ofstänn.

Nodeem hien am Juli 2014 virun engem heftegen Donnerwieder gewarnt hat, gouf hien an de Joren 2014 an 2015 jeeweils zweetplacéierte "Lëtzebuerger vum Joer".

Vum 3. August 2015 bis an de Februar 2016 huet hie seng eege Sendung "Météo Boulaide" um lëtzebuergesche Privatsender apart TV moderéiert. Zanter Januar 2019 presentéiert hien um ëffentlech-rechtleche Radiosender radio 100,7 d'Emissioun "Reen a Bou - Op Schratt an Tratt mam Wieder".

De 15. August 2020 huet hien zesumme mat sengem Geschäftspartner d'Mediegesellschaft ErnzerMedia gegrënnt, déi bis Oktober 2020 och d'Déngschter ronderëm Météo Boulaide verwalt huet. An Tëschenzäit huet hien eng nei Firma gegrënnt, vun där Météo Boulaide zanter dem 16. November administréiert gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]