Wiederstatioun

Vu Wikipedia
Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wiederstatioun zu Dunkerque, Frankräich

Eng Wiederstatioun (oder meteorologesch Statioun) ass eng Zesummestellung vu verschiddene Moossinstrumenter fir meteorologesch Wäerter ze moossen an domat d'Wieder an de Klima op enger bestëmmter Plaz z'observéieren.

Wiederstatioune ginn zum Deel vu staatleche Verwaltunge bedriwwen, kënnen awer och vu private Betriber oder Privatleit bedriwwe ginn. Et kann en ënnerscheeden tëscht Wiederstatioune mat analogen an deene mat digitale Moossinstrumenter.

Et gëtt och Statiounen déi nëmmen en Deel vun de méigleche Wiederparameter moossen, z. B. pluviometresch Statiounen, déi nëmmen den Nidderschlag (Reen a Schnéi) moossen.

En Ënnerscheed kann een och tëscht Statioune maachen, déi automatesch bedriwwe ginn a Statiounen, wou Personal op der Plaz ass a wou och Auswäertunge vun de gesammelten Date gemaach kënne ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]