Asaph Hall

Vu Wikipedia
Asaph Hall
Gebuer 15. Oktober 1829
Gestuerwen 22. November 1907
Annapolis
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Zammermann
Member vun Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences

Den Asaph Hall, gebuer de 15. Oktober 1829 zu Goshen, Connecticut a gestuerwen den 22. November 1907 zu Annapolis, Maryland war en US-amerikaneschen Astronom an ass den Entdecker vun de béide Marsmounde Phobos an Deimos.

No dem Doud vu sengen Elteren huet den Hall eng Léier als Zammermann gemaach an ass uschléissend an den Central College vu McGrawvilled gaangen, wou e Mathematik studéiert huet. 1857 huet hien eng Plaz am Harvard College Observatoire zu Cambridge ugeholl. Do gouf hien een Expert am Berechne vun Ëmlafbunnen. Am August 1862 wiesselt hien an de United States Naval Observatory zu Washington, D. C., wou hie bis 1891 bliwwen ass. Hie gouf do am Joer 1863 Professer fir Mathematik.

1877 stoung de Mars ongewéinlech gënschteg fir d'Astronomen, déi weltwäit hir Aen op de roude Planàit geriicht hunn. Dat huet engersäits zum Giovanni Schiaparelli senger Entdeckung vun de Marskanäl an anerersäits zum Hall senger Entdeckung vun de Marsmounde Phobos an Deimos. Dobäi gouf hie ganz aktiv vu senger Fra Angeline ënnerstëtzt, déi hien zu ëmmer weideren Observatiounen encouragéiert huet. Den Hall huet fir seng Observatiounen de groussen 26-Zoll-Refrakter "Great Equatorial" agesat, dat deemools gréisst Instrument vun där Zort weltwäit. Den Hall huet och d'Ëmlafbunne vu béide Mounde berechent.

1879 krut den Asaph Hall d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. 1891 huet hie Washington verlooss a goung op Annapolis, wou hien am Joer 1907 gestuerwen ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Asaph Hall – Biller, Videoen oder Audiodateien