United States Naval Observatory

Vu Wikipedia
Eng Vue iwwer d'Areal vum Naval Observatoire

De United States Naval Observatory (USNO) ass en amerikanescht Fuerschungsinstitut vun der US-Marinn a steet am nordwestlechen Deel vu Washington D.C..

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Institut gouf de 6. Dezember 1830[1] als Marinn-Observatoire gegrënnt. Den Observatoire hat ënner dem Simon Newcomb Weltruhm kritt, wéi hie mat héichprezisen astrometreschen Observatiounen am Stären- a Planéitesystem dat astronomescht Fundamentalsystem op genee Grondlage gestallt huet.

Ëm 1870 krut den Observatoire ee vun den éischte Risenteleskopen, mat deenen d'Stäreplazen an astronomesch Fundamentalgréissten och op aner Plaze verbessert goufen. Den USNO-Teleskop hat eng Ëffnung vu 26 Zoll (ongeféier 65 cm) a war mat enger Brennwäit vun iwwer 10 m dat deemools gréisst Lënsenteleskop vun der Welt. Mat der Ouverture vum neien Universitéitsobservatoire Wien goung dee Rang fir en ettlech Joer un de 27-Zoll-Refrakter iwwer.

D'Institut huet och international wichtege Aufgaben ugeholl, z. B. am Ephemeriden- an Zäitdéngscht, bei der Weltlängtebestëmmung 1933 an a Grondfroe vun der Navigatioun.

Haut ass den USNO eng vun den Zentralplazen vum Internationalen Déngscht fir Äerdrotatioun a Referenzsystemer (IERS).

Flagstaff Statioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1955 bedreift den USNO ausserdeem en Observatoire an enger Baussestatioun an der Géigend vu Flagstaff am Bundesstaat Arizona (35° 11′ 3″ N, 111° 44′ 25″ W7). Wéinst bessere Siichtbedéngunge ginn do eng Rei vu groussen a moderne Spigelteleskope bedriwwen:

Weider gouf zesumme mam Lowell-Observatoire an der noer Anderson Mesa en opteschen Interferometer den Navy Prototype Optical Interferometer (NPOI) opgeriicht. E besteet aus dräi Äerm vu jee 250 m Längt, an deenen iwwer e Vakuumtunnel d'Liicht vu 6 Siderostate mat engem Duerchmiesser vu jee 50 cm agekoppelt an interferometresch zu engem Bild vun extreem héijer Opléisung kombinéiert ka ginn.

Zäitzeechen[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatoire verbreet e ganz geneeën Zäitdéngscht fir de militäresche Gebrauch. D'Zäitzeeche steet och fir zivil Benotzer gratis zur Dispositioun.

Wunnsëtz vum Vizepresident[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1974 ass den Number One Observatory Circle, e Gebai um Terrain vum Naval Observatory, offizielle Wunnsëtz vum Vizepresident vun de Vereenegte Staaten. 1977 war den éischte Bewunner de Walter Mondale. Vun do un hunn all d'Vizepresidenten de Wunnsëtz benotzt.

Joer-2000-Problem[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer-2000-Problem ass beim Joreswiessel an dat neit Joerdausend opgetrueden. Dovu war och d'USNO-Atomauer betraff. Et hat sech dobäi ëm e Feeler an de Computersystemer gehandelt, deen dozou gefouert hat, datt op der offizieller Websäit d'Joer 19100 notéiert gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United States Naval Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) United States Naval Observatory: Our Command History, gekuckt de 5. Dezember 2010