Danel Sinani
Ausgesinn
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Danel Sinani | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
5. Abrëll 1997 Belgrad |
| Alter | 29 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Gréisst | 1,85 m |
| Veräin/Ekipp |
Racing FC Union Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, F91 Diddeleng, Norwich City FC |
|
| |
Den Danel Sinani, gebuer de 5. Abrëll 1997 zu Belgrad a Serbien, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller (Mëttelfeld)[1][2] mat kosovareschen Originnen[3].
Vun 2015 bis 2017 huet de Sinani fir de Racing FC Union Lëtzebuerg gespillt. Zanter Juli 2017 spillt hie fir den F91 Diddeleng[2].
Zanter dem 3. September 2017 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp[1][4].
Hien ass de jonke Brudder vum Foussballspiller Dejvid Sinani[1], deen och zu Belgrad gebuer ass. Am Alter vu 5 Joer ass den Danel Sinani mat senger Famill op Lëtzebuerg geplënnert. Trotz den Originne schwätzt hie keen Albanesch[3].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 https://www.transfermarkt.com/danel-sinani/nationalmannschaft/spieler/346499
- 1 2 http://fr.soccerway.com/players/danel-sinani/411065/
- 1 2 http://sportekspres.com/historia-e-danel-sinanit-djalit-nga-sharri-qe-nuk-eshte-shqiptar/
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Danel Sinani op eu-football.info
