Friedrich Tietjen
Friedrich Tietjen | |
---|---|
Gebuer | 15. Oktober 1832 |
Gestuerwen |
21. Juni 1895 Berlin |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Wëssenschaftler, Editeur, Asteroidenentdecker |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina |
Den Friedrich Tietjen, gebuer de 15. Oktober 1832 zu Garnholt, a gestuerwen den 21. Juni 1895 zu Berlin, war en däitscher Astronom. Hien huet zanter 1861 onënnerbrach am Observatoire Berlin geschafft. 1865 hat hien den Asteroid Semele entdeckt. Vun 1874 bis zu sengem Doud war war hien den éischten Direkter vum un den Observatoire gegrënnten Astronomesche Rechen-Institut.
Jugend an Ausbildung
[änneren | Quelltext änneren]Den Tietjen huet aus baierleche Verhältnesser gestaamt a sollt nom Wonsch vun den Elteren den Haff vu sengem Papp zu Garnholt iwwerhuelen. Vun 1839 bis 1847 ass hien an d'Schoul zu Hüllstede gaangen an huet dono nach eng Zäit um Haff vu sengen Eltere geschafft. Schonn deemools huet hie mathematesch Fäegkeete gewisen a groussen Interessi bei der Observatioun vum Stärenhimmel. Hie krut am Alter vun 20 Joer die d'Erlaabnes vu sengem Papp, fir an eng Schoul zu Oldenburg ze goen, fir dono kënne seng Héichschoul ze maachen. 1853 goung den Tietjen op Braunschweig op de Collegium Carolineum, fir sech do op de Studium vu Mathematik, Physik an Astronomie zu Göttingen virzebereeden.
Beruffsliewen
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Studium huet et de Friedrich Tietjen op Berlin gezunn. Do huet hie laang Planéiten a Koméiten observéiert, woubäi hien 1859 als jonkt Talent entdeckt gëtt. 1863 promovéiert hien iwwer d'Methode fir d'Bestëmmung vun de Planéitelafbunnen a gouf sou Professer an Doktor vun der Astronomie. Mat där Auszeechnung gouf hien zum 1. Asissent vum kinneklechen Observatoire ernannt.
1866 krut hie vum preisesche Kinnek seng éischt grouss Uweisung: Zesumme mam Direkter vum Observatoire sollt hien um südleche Jadebusen no engem zweckdéngleche Punkt fir d'Vermoosse vun Norddäitschland sichen. Mat d'Miessungen huet hie mat anere Fuerscher erausfonnt, datt d'Äerd keng Kugel mä e Rotatiounsellipsoid ass.
1868 gouf de Friedrich Tietjen Direkter vum Berliner Observatoire a gouf esou och Editeur vum „Astronomisches Jahrbuch“. Am selwechte Joer gouf him och eng Expeditioun no Indien iwwerdroen, fir do eng Sonnendäischtert z'observéieren.
Nowierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Zum Schluss huet de Friedrich Tietjen nees zu Oldenburg geschafft, ëmmer nach op Uerder vum kinneklechen Observatoire Berlin. Hien huet ënnerer Häerz-Affektiounen, Asthma an als Folleg ënner schwéierer Otemnout gelidden. Den Tietjen ass an de Mëttelmierraum gefuer fir sech z'erhuelen, mä déi erhofft Besserung vu sengem Zoustand koum net. Den 21. Juni 1895 ass de Friedrich Tietjen gestuerwen. Hie gouf a senger Heemecht Westerstede begruewen. Direkt Nokommen hat hie keng, säi ganzt Liewen a seng Zäit hat hien der Wëssenschaft geschenkt, an dobäi vergiess eng eege Famill ze grënnen.
De Friedrich Tietjen war och am Ausland héich geschätzt. Seng Observatiounen a wëssenschaftlech Fuerschunge waren deemools e wichtege Schrëtt fir d'Bestëmmung vun astronomeschen Distanzen an der Beweegung vun den Himmelskierper am Weltall.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1883 gouf hie Member vun der Däitscher Akademie vun de Naturfuerscher Leopoldina[1].
- Den Asteroid (2158) Tietjen gouf no him genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum F. Tietjen am Astrophysics Data System
- Noruff op den F. Tietjen am Astrophysics Data System