Bundeskanzler (Däitschland)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bundeskanzler vun Däitschland. Fir aner Funktioune mat deem Titel, kuckt wgl. Bundeskanzler. |
Bundeskanzler | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Däitschland |
Gegrënnt | 1949 |
Um Spaweck | https://www.bundeskanzler.de/bk-de/ |
![]() |
De Bundeskanzler ass de Regierungschef vun der Bundesrepublik Däitschland. De Bundeskanzler an d'Bundesministere bilden zesummen déi däitsch Bundesregierung. Der Verfassung no leet de Bundeskanzler d'Richtlinne vun der Politik fest. An der Praxis muss de Bundeskanzler sech allerdéngs un d'Virstellunge vu senger Partei an un déi vun de Koalitiounspartner halen.
De Bundeskanzler gëtt op Virschlag vum Bundespresident vum Bundestag gewielt, duerno vum Bundespresident ernannt a vum President vum Bundestag vereedegt. De Bundeskanzler proposéiert dem Bundespresident déi eenzel Bundesministeren; ouni dëse Virschlag kann de Bundespresident keen zum Minister ernennen. De Bundeskanzler ernennt ee vun de Bundesministeren zu sengem Stellvertrieder, deen och nach Vizekanzler genannt gëtt, ouni datt et dësen Titel awer offiziell gëtt.
De Bundeskanzler huet säi Sëtz am Bundeskanzleramt. Dat aktuellt Gebai zu Berlin ass zanter 2001 a Betrib.
Aktuell ass de Friedrich Merz (CDU) däitsche Bundeskanzler. Hie gouf de 6. Mee 2025 zum zéngte Bundeskanzler vun Däitschland gewielt an duerno vum Bundespresident ernannt. Hie steet un der Spëtzt vun enger Koalitioun aus der CDU an der SPD.
Däitsch Bundeskanzler zanter 1949
[änneren | Quelltext änneren]Nr. | Bild | Numm (Gebuerts a Doudesdatum) | Partei | vun | bis | Dauer vun der Amtszäit | |
---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | ![]() |
Konrad Adenauer (1876–1967) | CDU | 15.09.1949 | 16.10.1963 | 14 Joer, 1 Mount, 1 Dag
(5.144 Deeg) | |
2 | ![]() |
Ludwig Erhard (1897–1977) | CDU | 16.10.1963 | 01.12.1966 | 3 Joer, 1 Mount, 15 Deeg
(1.142 Deeg) | |
3 | ![]() |
Kurt Georg Kiesinger (1904–1988) | CDU | 01.12.1966 | 21.10.1969 | 2 Joer, 10 Méint, 20 Deeg
(1.055 Deeg) | |
4 | ![]() |
Willy Brandt (1913–1992) | SPD | 21.10.1969 | 07.05.1974 | 4 Joer, 6 Méint, 16 Deeg
(1.659 Deeg) | |
- | ![]() |
Walter Scheel (kommissaresch)[1] (1919–2016) | FDP | 07.05.1974 | 16.05.1974 | 9 Deeg | |
5 | ![]() |
Helmut Schmidt (1918–2015) | SPD | 16.05.1974 | 01.10.1982 | 8 Joer, 4 Méint, 15 Deeg
(3.060 Deeg) | |
6 | ![]() |
Helmut Kohl (1930–2017) | CDU | 01.10.1982 | 27.10.1998 | 16 Joer, 26 Deeg
(5.870 Deeg) | |
7 | ![]() |
Gerhard Schröder (* 1944) | SPD | 27.10.1998 | 22.11.2005 | 7 Joer, 26 Deeg
(2.583 Deeg) | |
8 | ![]() |
Angela Merkel (* 1954) | CDU | 22.11.2005 | 08.12.2021 | 16 Joer, 16 Deeg
(5.860 Deeg) | |
9 | ![]() |
Olaf Scholz (* 1958) | SPD | 08.12.2021 | 06.05.2025 | 3 Joer, 16 Deeg
(1.245 Deeg) | |
10 | ![]() |
Friedrich Merz (* 1955) | CDU | 06.05.2025 | am Amt |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Bundeskanzler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Well de Willy Brandt de Bundespresident Gustav Heinemann gefrot hat fir net mat der Weiderféierung vun de Geschäfter beoptraagt ze ginn, wéi dat am Fong vum Artikel 69, Absaz 3 vun der Verfassung virgesinn ass, ass op d'Demande vum Bundespresident de Walter Scheel, dee bis dohi Vizekanzler war, mat där Aufgab beoptraagt ginn