Op den Inhalt sprangen

Eusebio Guilarte Vera

Vu Wikipedia
Eusebio Guilarte Vera
Funktioun
12. President vu Bolivien
15. August 1855 - 9. September 1857
Virgänger Manuel Isidoro Belzu
Nofollger José María Linares Lizarazu
Biographie
Gebuer 15. Oktober 1805
La Paz
Gestuerwen 11. Juni 1849
Nationalitéit Bolivien

Eusebio Guilarte Vera, gebuer de 15. Oktober 1805 zu La Paz, a gestuerwen den 11. Juni 1849 zu Cobija, war den 12. President vu Bolivien.

Hien huet fir d'éischt Karriär beim Militär gemaach. Als Adjutant vum José Ballivián war hie bei der Victoire iwwer de peruanesche Generol Agustín Gamarra bei der Schluecht vun Ingavi dobäi. Als Belounung fir säi Wierke bei der Verhënnerung vun enger Invasioun vu Bolivie gouf e vum deemolege President zum Botschafter vu sengem Land a Brasilien ernannt. Nodeem en nees zeréckkoum huet e versicht zesumme mam President en Ëmstuerz ze verhënneren. Dat huet awer net geklapptt wéinst der Verweigerung vum Militär, dat de Manuel Isidoro Belzu ënnerstëtzt huet. De President Ballivián ass an de Peru geflücht an huet dem Eusebio Guilarte Vera d'Presidentenamt iwwerdroen. Deen huet versicht sech mat de Rebellen ze verstännegen, hie gouf awer no nëmmen 2 Wochen ofgesat. Hie war deemno vum 23. Dezember 1847 bis zum 2. Januar 1848 formell President vu Bolivien[1]. Hien ass 2 Joer drop un de Follge vun enger Kränkt verscheet.

 Commons: Eusebio Guilarte Vera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Eusebio Guilarte Vera, President 1847/1848